-
Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.
-
Pressekonferenz: de Lex Delles, Franz Fayot an d'Sam Tanson presentéiere Mesuren zur Konjunkturënnerstëtzung
De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Franz Fayot, Wirtschaftsminister, an d'Sam Tanson, Kulturministesch, presentéieren zousätzlech Mesuren zur konjunktureller Ënnerstëtzung vun deenen am stäerkste vun der COVID-19-Pandemie betraffe Secteuren.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2020 – Proklamatioun vun der Regierung
Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.
-
Presentatioun vum "Vëlosummer 2020"
De Minister fir Tourismus Lex Delles presentéiert de Vëlosummer 2020. D'Generaldirektioun fir Tourismus huet notamment eng Kaart mat Tour-Propositiounen ausgeschafft, op där och Entreprisen aus dem Horesca-Beräich an touristesch Attraktiounen ervirgehuewe ginn. Dobäi kënnt nach e speziellen Internetsite fir de "Vëlosummer 2020" esou wéi eng Publicitéitscampagne.
-
Presentatioun vun der Campagne "smile again"
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.