Aktuell Funktiounen
- Justizministesch
- Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit
- Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament
Biographie
D'Elisabeth Margue ass de 7. Abrëll 1990 zu Lëtzebuerg gebuer.
No hirer Première am Stater Jongelycée (Lycée de Garçons de Luxembourg), féiert d'Elisabeth Margue hir Studien zu Paräis weider. Si huet e Master 1 am Privatrecht vun der Université Panthéon-Sorbonne (Paris I) an e Master 2 an der Propriété industrielle vun der Université Panthéon-Assas (Paris II). 2015 schléisst si e Master of Laws (LL.M.) op der London School of Economics (LSE) of.
Neisten Noriichten
-
Nationale Commemoratiounsdag 2024 - Proklamatioun vun der Regierung
Den Nationale Commemoratiounsdag geet op d'Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 zeréck. Deemools wollten d'Nazien am besate Grand-Duché ënnert anerem vun de Biergerinnen a Bierger wëssen, ob si jiddesch wieren an och wat hir Nationalitéit, Mammesprooch a "Rass" wier. D'Resistenz huet...
-
Gesetzesprojet fir Journalisten den Accès zur Informatioun ze garantéieren, a fir d'Promotioun vum professionelle Journalismus an demokrateschen Debat ze fërderen
Fir d'Aarbecht vu Beruffsjournalisten ze vereinfachen, gëtt d'Recht op Accès zur Informatioun agefouert. Dëst Recht ass Deel vun enger méi breeder Reform, déi den demokrateschen Debat an d'Pressefräiheet zu Lëtzebuerg promovéiere soll.
-
Nationalfeierdag 2024
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.