Den Eric Thill besicht d'Cité Internationale de la langue française zu Villers-Cotterêts

D'Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gesäit eng permanent Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Sproochen zu Lëtzebuerg vir. 

  1. ©MCULT

    Photo de groupe

    Photo de groupe

  2. ©MCULT

    (à droite) Eric Thill, ministre de la Culture

    (à droite) Eric Thill, ministre de la Culture

  3. ©MCULT

    Eric Thill, ministre de la Culture

    Eric Thill, ministre de la Culture

De Kulturministère beméit sech, fir eng attraktiv, lieweg, divers, interaktiv a pädagogesch Ausstellung iwwert déi eenzegaarteg Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ze schafen.  An dem Kader war de Kulturminister Eric Thill, op Invitatioun vun der franséischer Ambassade, op Visitt an der Cité Internationale de la langue française, fir en Echange mat der Direktioun vun der Cité a mat der Conservatrice vun der Ausstellung, der Madame Barbara Cassin, ze hunn.

Den 18. Juni gouf an der Cité Internationale de la langue française zu Villers-Cotterêts den Eric Thill vum Paul de Sinety, délégué général fir déi franséisch Sprooch a Sproochen a Frankräich am franséische Kulturministère, an dem Paul Rondin, Direkter vun der Cité, empfaang.

A senger Ried huet sech de Kulturminister Eric Thill beandrockt vun der immersiver Erfarung a kreativer Approche vun der Cité gewisen: "D'Visitt vun haut huet eis doranner bestäerkt, fir eng permanent Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an déi eenzegaarteg Sproochesituatioun vu Lëtzebuerg, hir Geschicht an hir Zukunft, ze konzipéieren an esou de Visiteure vun all Alter eise liewege Patrimoine a seng Bedeitung fir eis Gesellschaft zougänglech ze maachen."

D'historescht Schlass ass eng symbolesch Plaz fir d'franséisch Sprooch, well do gouf am Joer 1539 vum François Ier den Dekreet ënnerschriwwen, deen d'Benotzung vum Franséischen an der Verwaltung an an der Justiz obligatoresch gemaach huet. Op Ufro vum franséische President gouf se vu Grond op renovéiert. D'Zil war et, fir d'Cité Internationale de la langue française zu enger lieweger Plaz fir d'franséisch Sprooch ze maachen, eng Plaz, déi d'Visiteuren op eng Rees duerch d'franséisch Sprooch an d'Francophonie invitéiert.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert