Aktuell Funktiounen
- Kulturminister
- Delegéierte Minister fir Tourismus
Biographie
Den Eric Thill ass de 27. November 1993 an der Stad Lëtzebuerg gebuer.
No sengem Secondairesstudium am Lycée Technique zu Ettelbréck, studéiert den Eric Thill op der Universitéit Lëtzebuerg. Hie mécht e Bachelor an der Gestioun a schléisst säi Studium do 2019 mat engem Master an der europäescher Gouvernance of.
Neisten Noriichten
-
Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch: Den Eric Thill presentéiert der Chamberkommissioun d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung
De 15. Januar huet de Kulturminister, Eric Thill, der zoustänneger Chamberkommissioun d’Aarbechte ronderëm den Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. De Minister huet d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de 50 Mesure pre
-
Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie (ZLO): en neien Outil, fir seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie ze testen an unerkennen ze loossen
Den 11. November 2024 hunn de Kulturminister, Eric Thill, an de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesummen den ZLO (Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie) presentéiert. Et handelt sech ëm en neie standardiséierten Test, dee ...
-
Vereedegung vun der Madame Sarah Muller, Attachée am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
De Kulturminister Eric Thill huet den 30. Oktober 2024 d'Madamm Sarah Muller, Attachée am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, vereedegt. D'Madamm Sarah Muller ass promovéiert Soziolinguistin a bekëmmert sech beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Haaptsaach ëm d'Wanderausstellung „D'Lëtzebuerger Sprooch(en)“,...