Aktualiséiert den
Den Eric Thill presentéiert véier nei an iwwerschafften digital Toole fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet de Kulturminister Eric Thill den 8. Dezember 2025 véier nei respektiv iwwerschafften Toole presentéiert, déi d’Lëtzebuerger Sprooch am digitale Raum weider stäerken an hir Notzung fir d’Allgemengheet vereinfachen.
De Kulturminister huet bei dëser Geleeënheet ënnerstrach, datt dës Aktioun eng weider bedeitend Etapp an der Ëmsetzung vum Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch duerstellt, an huet an dësem Kontext d’Wichtegkeet vum digitale Volet betount: „Mir hunn eis virgeholl, d’Lëtzebuerger Sprooch och am digitale Raum kloer a visibel ze positionéieren. Mat dësen Outile maache mir e grousse Schratt no vir, fir d’Accessibilitéit, fir d’Qualitéit vun de Servicer an och fir d’Freed um Léieren.“
Déi nei an iwwerschaffte Versioun vum Orthotrainer
Den Orthotrainer ass eng Plattform, op där jidderee kann d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch trainéieren, sech d’Reegelen ukucken an Exercicë maachen. E gouf vum ZLS grondsätzlech moderniséiert a steet vun haut un op engem neien a benotzerfrëndlechen Internetsite zur Verfügung. An enger zweeter Etapp wäert et en och als App fir de Smartphone an den Tablet ginn. Bei der Entwécklung gouf besonnesche Wäert op d’Accessibilitéit geluecht: No Austausch mam Centre de développement des compétences relatives à la vue ass de Site kontrastoptiméiert a ka mat der OpenDyslexic-Schrëft genotzt ginn.
Den neien Orthotrainer zeechent sech aus duerch iwwer 400 Exercicer, e pedagogesch opgebaute Léierparcours an eng Theoriesektioun mat detailléierten Erklärungen, déi et och als PDF-Download gëtt. E bereet finalement och op den ZLO-Test vir, den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie vum INLL.
D’Sproochmaschinn 2.0: verbessert Sproocherkennung a modernen Design
Déi zweet grouss Neierung ass d’Versioun 2.0 vun der Sproochmaschinn, dem KI-Tool, dee geschwate Sprooch erkennen an transkribéieren (Schreifmaschinn) a geschriwwen Texter virliese kann (Liesmaschinn).
Déi nei Versioun zeechent sech duerch eng verbessert Sproocherkennung aus, déi mat duebel esou vill Daten trainéiert gouf wéi de viregte Modell, wat zu manner Feeler féiert. Zousätzlech zu der neier Speaker-Recognition-Funktioun, mat där den Tool verschidde Spriecherinnen a Spriecher ënnerscheede kann, huet een elo och d’Méiglechkeet, d’Texter vun enger weiblecher Stëmm virliesen ze loossen – nieft där vum Max Kuborn, déi aus der éischter Versioun bekannt ass.
Och hei gouf Wäert op d’Accessibilitéit geluecht. De Site huet en Darkmode, kann an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt a geschwënn och mat engem ScreenReader benotzt ginn.
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire op Nederlands
Den LOD kritt eng zousätzlech Zilsprooch. Nieft dem Däitschen, dem Franséischen, dem Engleschen, dem Portugiseschen an der Gebäerdesprooch wäert den LOD geschwënn och op Nederlands funktionéieren.
Déi hollännesch Versioun, nl.lod.lu, gouf zesumme mat zwee Benevollen opgebaut, déi iwwer 30.000 Iwwersetzungen ausgeschafft hunn. Dës Initiativ déngt och als Proof-of-Concept, fir datt an Zukunft och aner Benevollen sech an d’Entwécklung vun neie Sproochversioune kënne mat abréngen.
Déi nei Versioun ass och fir d’Tourismusbranche interessant. D’Generaldirektioun Tourismus schafft zesumme mam ZLS a mat lokalen Acteuren dorunner, fir dës Ressource am touristesche Secteur ze valoriséieren.
De Spellchecker als App an éischt Kontakter mat Microsoft an Apple
De Spellchecker vum ZLS wäert deemnächst och als App disponibel sinn. Parallel dozou leeft e konstruktiven Echange mat Microsoft, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an Zukunft nach besser an d’MS Office-Suite ze integréieren – ënner anerem an de Word an an den Outlook. Och mat Apple lafe Gespréicher, fir d’Sprooch op iOS-Plattformen ënnerzebréngen.
Communiqué vum Kulturministère /an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch