Aktualiséiert den
"Liicht Sprooch Lëtzebuergesch": Publikatioun vun engem Reegelwierk fir lëtzebuergesch Texter a Liichter Sprooch
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) publizéiert seng Broschür Liicht Sprooch Lëtzebuergesch mat Reegelen a Recommandatioune fir eng inklusiv Kommunikatioun op Lëtzebuergesch ouni sproochlech Barriären. Dës Publikatioun ass als praktesch Hëllef fir Verwaltungen, Ministèren an aner Acteure geduecht, fir Informatiounen esou ze formuléieren, datt se fir e méiglechst breede Public verständlech an accessibel sinn.
"Sprooch ass e wichtege Schlëssel zur Informatioun an zur gesellschaftlecher Participatioun. Mat dëser neier Broschür schafe mir eng Grondlag, fir datt och Leit mat Lies- a Verständnesbarriären e besseren Zougang zu Informatiounen op Lëtzebuergesch kréien", ënnersträicht de Kulturminister Eric Thill. "D'Liicht Sprooch ass e konkreete Schrëtt a Richtung méi Inklusioun a méi Chancëgläichheet an eiser Gesellschaft."
Wat ass Liicht Sprooch?
En Text a Liichter Sprooch soll esou opgebaut a geschriwwe sinn, datt d'Lieser an d'Lieserinnen d'Informatioune séier fannen an direkt verstinn. Fir dëst Zil ze erreechen, mussen d'Reegelen an d'Recommandatioune vun der Liichter Sprooch respektéiert ginn. Hei ass eng kleng Checklëscht mat de wichtegste Punkten:
- Et ginn einfach a geleefeg Wierder benotzt.
- Schwéier Wierder ginn am Text erkläert.
- D'Sätz si kuerz an enthale just eng Informatioun.
- De Sazbau ass einfach (Sujet – Verb – Objet).
- Fir all neie Saz geet een an eng nei Zeil.
- Et gëtt kee Passiv benotzt, d'Sätz stinn an der aktiver Form.
- De Layout ass iwwersiichtlech.
- Den Text ass a kuerz Abschnitter agedeelt.
- Tëscheniwwerschrëfte strukturéieren den Text.
- Biller a Piktogrammer maachen den Text méi verständlech.
- D'Schrëft ass méi grouss ewéi bei de Standardtexter.
- D'Buschtawen hu keng Seriffen.
- Wichteg Informatioune gi fett geschriwwen.
Fir dem Lieser ze weisen, datt en Text a Liichter Sprooch geschriwwen ass, gëtt et den europäesche Logo vun Inclusion Europe. Dëse kann, wann déi néideg Konditiounen erfëllt sinn, gratis iwwer den Internetsite www.inclusion-europe.eu erofgeluede ginn.
Eng Konditioun, fir de Logo däerfen ze benotzen, ass d'Validatioun vum Text duerch e Préifgrupp. An engem Préifgrupp sinn Erwuessener a Jonker mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi d'Texter a Liichter Sprooch liesen oder lauschteren a Verbesserungspropose maachen. Wann den Text adaptéiert a vum Préifgrupp approuvéiert gouf, däerf de Logo bäigesat ginn.
U wie riicht d'Liicht Sprooch sech a wat ass hir Plus-value?
Am Allgemenge sinn administrativ Texter op engem sproochlechen Niveau geschriwwen, dee fir Leit mat Liesproblemer eng grouss Barriär duerstellt. Si kënnen dës Texter net eegestänneg liesen an hunn doduerch keen Accès op relevant Informatiounen, zum Beispill aus de Beräicher Beruffswelt, Schoul, Gesondheetswiesen a Politik.
Fir all de Bierger a Biergerinnen d'Méiglechkeet ze ginn, sech autonom ze informéieren an doduerch aktiv un der Gesellschaft deelzehuelen, ass et essentiel, Texter och a Liichter Sprooch unzebidden. Dëst ass e wichtege Bäitrag a punkto Inklusioun. De Besoin ass grouss an den Zilpublikum ass ganz divers. Dozou gehéiere Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung, enger Demenz, enger Aphasie oder enger Héier- respektiv enger Séibeanträchtegung. Liicht Sprooch stellt awer och fir eeler Leit, funktional Analphabeten, Ufänger an der Sprooch a Persoune mat spezifesche Besoinen, ewéi zum Beispill Legastheeniker, eng grouss Hëllef duer. Esouguer Leit ouni gréisser Liesproblemer profitéiere vun der Liichter Sprooch, well se et erméiglecht, d'Haaptinformatioune vun engem Text ouni gréisser Ustrengung ze erfaassen.
Wéi koum et zum Projet vun der Liichter Sprooch?
Déi international Organisatioun Inclusion Europe huet am Joer 2009 a Kooperatioun mat Vertrieder aus Däitschland, Éisträich, Finnland, Frankräich, Irland, Litauen, Portugal a Schottland e Reegelwierk fir Liicht Sprooch erausginn. Dëst Reegelwierk gëtt et mëttlerweil fir vill verschidde Sproochen, ënner anerem fir Däitsch, Franséisch an Englesch. Opgrond vun der grousser Nofro vun de Verwaltungen a Servicer huet de Pierre Reding, deemolegen Interimsdirekter vum ZLS a Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS den Optrag ginn, en Dokument mat Reegelen a Recommandatioune fir d'Liicht Sprooch Lëtzebuergesch auszeschaffen an esou der offizieller Dräisproochegkeet vum Land Rechnung ze droen.
Bei dësem grousse Projet huet den ZLS enk mat engagéierten Experten zesummegeschafft. Besonnesch d'Ënnerstëtzung an d'Berodung duerch Leit mat intellektuelle Beanträchtegunge sollen op dëser Plaz ervirgehuewe ginn. Den Aarbechtsgrupp huet sech konsequent un de Motto "Mir maachen eppes fir d'Leit mat de Leit!" gehalen.
D'Dokument ass online disponibel. Eventuell Retoure vum Terrain gi gesammelt a gepréift a fléissen an d'Publikatioun an, déi reegelméisseg à jour gesat gëtt.
D'Publikatioun ka vun elo un um Site vum Kulturministère erofgeluede ginn: https://gd.lu/9dvD97.
Matgedeelt vum Kulturministère an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch