Martine Hansen iwwerreecht d’Präisser vun der Direktioun fir de Konsumenteschutz am Kader vum Finall vum Concours Mini-Entreprises

Am Kader vun der nationaler Finall vum Concours vun de Mini-Entreprises huet d’Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, zwou Auszeechnungen iwwerreecht, déi vun der Direktioun fir de Konsumenteschutz finanzéiert ginn. Dës Präisser hunn zum Ziel, innovativ Projeten ze honoréieren, déi de Konsumenteschutz an de verantwortungsbewosste Konsum an den Zentrum vun hirem Projet stellen.

De „Präis fir Konsumenteschutz“ goung un d’Mini-Entreprise LeftLovers vum Lycée Aline-Mayrisch. Dëse kreative Projet proposéiert eng online Plattform, wou lokal Händler hir Iwwerschëss zu reduzéierte Präisser a Form vu „Iwwerraschungs-Tuute“ kënne verkafen. Eng duebel sënnvoll Initiativ, déi géint d’Liewensmëttelverschwendung virgeet an dobäi de Konsumenten Zougang zu gudde Produiten zu méi niddrege Präisser erméiglecht. D’Websäit, déi vun de Jonken entwéckelt gouf, ass professionell opgebaut a enthält souwuel Allgemeng Geschäftsbedéngungen (AGB) wéi och eng Dateschutzpolitik, wat hirt Uleies Punkto Rechter vun de Konsumenten ënnersträicht.

De „Präis fir verantwortungsbewosste Konsum“ gouf un Sorbäh, eng Mini-Entreprise vum Maacher Lycée, verginn. Sorbäh bitt dräi verschidden Zorte vu veganem Sorbet un, déi aus Friichten hiergestallt ginn, déi wéinst hirem Ausgesinn net méi am reguläre Verkaf landen. De Projet bekämpft esou aktiv d’Liewensmëttelverschwendung. De Projet fält besonnesch duerch seng lokal Verankerung op, seng kuerz Transportweeër a säin edukatiivt Zil, d’Leit fir ee méi bewossten an ethesche Konsum ze sensibiliséieren.

Dës zwee Projeten illustréieren op beandrockend Aart a Weis den Engagement, d’Kreativitéit an d’sozial Verantwortung vun de jonke lëtzebuergesche Mini-Entrepreneuren. Eis häerzlech Gléckwënsch un d’Gewënner fir hir beispillhaft Aarbecht, souwéi un d’Organisateure vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg), déi all Joer eng wäertvoll Plattform fir verantwortungsbewosst Initiative vu muer bidden.