Aktuell Funktiounen
- Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
- Ministesch fir Konsumenteschutz
- Sportsministesch
Biographie
D'Martine Hansen ass den 10. Dezember 1965 zu Wolz gebuer.
No hirem Secondairesstudium am Lycée classique zu Dikrech, studéiert d'Martine Hansen Agrarwëssenschaften op der Universitéit vu Stuttgart-Hohenheim, wou si en Diplom als Agraringenieurin mat enger Spezialisatioun an de Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften vun der Landwirtschaft kritt. D'Martine Hansen schléisst e weidert Universitéitsstudium mat engem Master am Schoulmanagement op der Universitéit Kaiserslautern of.
Neisten Noriichten
-
Joyeuse Entrée am Éislek: Déi groussherzoglech Koppel op Besuch zu Ëlwen
Dëse Freideg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hir Tournée vun de Joyeuses Entrées zu Ëlwen weidergefouert. Et war déi zweet Etapp vun hirer Tournée duerch déi fënnef Regioune vum Land am Kader vum Trounwiessel.
-
Nationalfeierdag 2026
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse souwéi d'Membere vun der Regierung den 22. an 23. Juni 2026 un de Festlechkeeten zu Déifferdeng an an der Stad Lëtzebuerg deel.
-
Regierungsëmbildung
No senger Demissioun als Aarbechts- a Sportsminister gouf de Minister Georges Mischo haut de Moien an enger Abschidsaudienz vum Groussherzog empfaangen.