"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele Wunnraum

Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen. 

©MAINT (l. op r.) Léon Gloden, Inneminister; Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung; Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit
(l. op r.) Léon Gloden, Inneminister; Claude Meisch, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung; Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Dës Presentatioun ass Deel vum Aktiounsplang fir d'Fërderung vum Wunnengsbau duerch d'Reduzéierung an d'Vereinfachung vun de Prozeduren, wéi vun der Regierung am Koalitiounsaccord ugekënnegt. Si setzt den 1. Konjunkturpak fir de Wunnengsbau fort a berécksiichtegt de verstäerkten Dialog, deen mam Bausecteur a mam Syvicol (Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen) stattfonnt huet.

"Mir wëllen administrativ Hürden do ofschafen, wou se kee Méiwäert fir eis Gesellschaft an eis Liewensqualitéit bidden! Déi gespuerten Energie kann dann a prioritär Beräicher investéiert ginn: d'Planifikatioun an d'Schafung vu Wunnraum a vun attraktive Liewensraim", huet den Inneminister Léon Gloden am Kader vun der Presentatioun vun den insgesamt 40 Moossname betount. "Déi administrativ Vereinfachung ass eng Prioritéit fir dës Regierung, mee se ass kee Selbstzweck. All eenzel Mesure ass geduecht fir méi, a méi séier ze bauen, an an engems d'Qualitéit vum Urbanismus a vun de Liewensbedéngungen ze garantéieren.

De Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, huet follgendes ënnerstrach: "Mir wäerten déi essenziell Prozeduren am Beräich vum Naturschutz fir Projeten a Konstruktiounen an Zonen, déi fir Urbaniséierunge virgesi sinn, wesentlech vereinfachen an acceleréieren. Duerch naturbezunn Léisungen, droen des Efforten zu enger besserer Liewensqualitéit vun den Awunner bäi. Duerch d'Fërderung vun ekologeschen Elementer, kënne mir d'Resilienz vun eise Quartiere géintiwwer de Konsequenze vum Klimawandel verbesseren".

Déi grouss Aktiounslinne vun der administrativer Vereinfachung sinn déi follgend:

  • Uniformiséierung vun de PAG- a PAP-Prozeduren;
  • Ofschafe vun den EIE (évaluation sur l'environnement) fir d'PAPen ënnert 4 ha Versigelung;
  • Erhéijung vun der Unzuel un abordabelem Wunnraum an den PAPe fir "nei Quartieren" (Revisioun vum Art. 29bis);
  • Vereinfachung vun den Normen a Reglementatiounen am Beräich vun der Konstruktioun;
  • Nationaalt Bautereglement;
  • Manner Ëmweltetuden a Kompensatiounsmesuren, iwwerdeems en héijen Ëmwelt a Landschaftsschutz weider garantéiert gëtt.
  • "Silence vaut accord"-Prinzipp fir individuell Autorisatiounen, an Etappen;
  • Stäerkung vun den Ënnerstëtzungsmissiounen vun de Verwaltunge fir d'Acteuren aus dem Bausecteur;
  • Digitaliséierung vun de Prozeduren.

"Engersäits d'Prozeduren acceleréieren, an anersäits den Know-how am Beräich vum Bau vu bezuelbarem Wunnraum ze bündelen, dat ass dat gemeinsaamt Zil vun eiser Demarche", huet de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, betount. "Fir d'Offer däitlech ze erhéijen, musse mir dat zesummen ugoen. Mir ass et wichteg eng breet Pallett u Mesuren unzebidden, déi der Diversitéit vun den – ëffentlechen a privaten – Acteure Rechnung dréit, ouni d'Zil vun all eisen Efforten aus den Aen ze verléieren. Sief, sou schnell wéi méiglech eng Wunnengsoffer ze schafen, déi eis haut feelt, fir dass virun allem Stéit mat méi niddregem Akommes Accès op dezente Wunnraum kréien."

Haaptmossname fir d'Fërderung vun abordabelem Wunnraum am Kader vun der Approche vum "ëffentlech-private Partenariat":

  • Realisatioun vu Pilotprojeten op Privatterrainen;
  • Realisatioun vu Pilotprojeten op Privatterrainen fir Logementer fir Salariéen;
  • Realisatioun vu Pilotprojeten op ëffentlechen Terrainen:
  • Prozedure fir d'Acquisitioun vun VEFA-Logementer duerch de Staat.

Communiqué vum Inneministère, vum Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung, a vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Aktualiséiert