-
Nationalfeierdag 2024
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele Wunnraum
Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.
-
Fortsetzung an deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit"
De 5. Juni 2024 huet de Regierungsrot déi grouss Richtlinne fir d'Fortsetzung an déi deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit" ugeholl.
-
D'Regierung lauschtert der Landwirtschaft no
Den Donneschdeg, 8. Februar, huet de Premierminister Luc Frieden zesumme mat der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Vertrieder aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft empfaange fir iwwert déi aktuell Lag vum Agrarsecteur ze schwätzen.