Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner

Eis Zukunft ass sécher digital. Wa mer eis Kanner op d’Zukunft wëlle virbereeden, musse mer  si staark maachen an der digitaler Welt. Si mussen déi néideg Kompetenzen entwéckelen, fir  nei Technologië privat an am Beruff ze notzen. Gläichzäiteg solle mer se virun de Risike vun  der digitaler Welt schützen.  

©MENEJ Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch huet op der Rentrées- Pressekonferenz fir d'Schouljoer 2024/2025 e Fokus op déi verschidden Aspekter vun der Digitalitéit gesat: "Ech maache mer Suergen dorëms, wat déi exzessiv Notzung vum Smartphone a vun de soziale Medie mat eise Kanner mécht. Gläichzäiteg ass déi vill Zäit um Smartphone dacks eng verlueren Zäit. Zäit, déi fir vill aner Aktivitéite feelt, déi fir eng gesond Entwécklung vun de Kanner esou wichteg sinn. Et kënnt op de richtegen Equiliber tëschent dem Digitalen an dem Analogen un. Dofir brauche mir kloer Reegelen. Doheem. An der Schoul. An der Gesellschaft."

D'Screen-Life-Balance – d'Gläichgewiicht tëschent den Ecranen an der realer Welt - gëtt zur absolutter Prioritéit fir dëst Schouljoer. An der formaler an non-formaler Bildung an och zesummen am Partenariat mat den Elteren. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hëlt dofir am Schouljoer 2024/2025 nei Reglementéierunge fir de Gebrauch vum Smartphone an de Bildungsstrukture vir.

E Verbuet vum Smartphone an der Grondschoul

An alle Grondschoule gëllt ab Ouschteren 2025 den integrale Verbuet vu Smartphonen. Am Lycée: physesch Distanz zum Smartphone wärend dem Cours

An de Lycéeë muss wärend dem Unterrecht eng physesch Distanz tëschent dem Smartphone an dem Schüler garantéiert sinn.

Doriwwer eraus kënnen d'Lycéeën an der Autonomie weider Agrenzungen aféieren, fir d'Notzung vum Smartphone a Bezuch op Alter, Zäit a Raimlechkeeten ze definéieren.

Dëst kann och bis zu engem allgemenge Smartphone-Verbuet féieren.

D'Lycéeën hunn Zäit, hir Konzepter bis Péngschten auszeschaffen oder ze adaptéieren.

Sensibiliséieren a Stäerke vun den Elteren

D'Mesuren am Kader vun der Schoul ginn och duerch eng aktiv Sensibiliséierung vun den

Eltere begleet. Den 30. September wäert eng grouss ëffentlech Campagne zur Screen-Life-

Balance lancéiert gi mat konkrete Recommandatiounen zu enger sécherer a responsabeler Notzung vun digitalen Outile pro Alterskategorie.

Dës Campagne wäert begleet ginn duerch eng Serie vun Informationsveranstaltungen a Konferenze vun den Eltereforen an alle Regiounen. Ab der Rentrée wäerten all Elteren en Elterebréif mat Recommandatiounen zum Thema Screen-Life-Balance vun hirem Enseignant ausgedeelt kréien.

Aktiounsplang "sécher.digital"

D'Screen-Life-Balance mat de Recommandatioune fir Elteren an de Mesuren an de Bildungsstrukturen ass eng vu véier Axe vun engem Aktiounsplang "sécher.digital", deen iwwer déi kommend Méint a Joren entwéckelt gëtt:

  • Fir eng gesond Screen-Life-Balance vun eise Kanner;
  • Fir eng responsabel Notzung vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) an der Schoul;
  • Fir d'Stäerke vun den digitale Kompetenzen an der Schoul;
  • Fir eng administrativ Vereinfachung am Bildungsberäich.

Aner politesch Prioritéite vum Schouljoer 2024/2025

Niewent der Digitalitéit ass de Minister Claude Meisch op weider politesch Prioritéite vum kommende Joer agaang, déi de Lëtzebuerger Bildungssystem méi gerecht solle maachen an e gläichzäiteg un d'Populatioun an och un déi technologesch a gesellschaftlech Bedingunge vun haut upassen.

Offer vun den ëffentlechen Europaschoulen ausbauen

Opgrond vun der grousser Demande wäerte bis 2028 dräi weider ëffentlech Europaschoulen opgoen. Dës Schoulen erlaben et, mat grousser Flexibilitéit op déi ënnerschiddlech Sprooche vun de Schüler ze reagéieren, a bidden dofir och Schüler mat Migratiounshannergrond fair Bildungschancen.

Implementéierung vum Projet "ALPHA – zesumme wuessen" virbereeden

De Choix vun der Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch bitt och am traditionelle Schoulsystem eng nei Flexibilitéit a schaaft schonn am Ufank vum Schoulparcours besser Zukunftschancen. Dofir ginn d'Erfarunge vum Pilotprojet "ALPHA – zesumme wuessen" weider analyséiert. Parallel lafen all d'Preparatiounen, fir e gegeebenenfalls am Schouljoer 2026/2027 ze generaliséieren.

Modern Programmer an der Grondschoul

No engem breede Consultatiounsprozess iwwer en neie Léierplang fir eis Grondschoule mat véier Pilieren (Wuelbefannen, Participatioun, Méisproochgkeet an Digitalitéit), dee fir d'Rentrée 2026/2027 virgesinn ass, schaffen an dësem Joer Aarbechtsgruppen, déi sech aus Enseignanten zesummesetzen, un der Beschreiwung vun de Contenuen an éischt Formatioune fir Enseignantë fanne statt. 

Eng Reform vun der Voie de préparation

No enger Consultatioun vu ville Schoulen an Enseignanten, déi aktuell nach duerch eng breet Ëmfro bei de Regentë completéiert gëtt, wäert de Ministère eng Reform vun der Voie de préparation proposéieren. Och hei sinn d'Schwéierpunkten d'Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen, eng aner Ausriichtung vun de Léiermethoden duerch konkreten Apprentissage a méi Flexibilitéit am Ëmgang mat de Sprooche vun de Schüler.

Weideren Ausbau a Promotioun vun der Beruffsausbildung

Jidder Schüler soll och onofhängeg vu sengem Sproocheprofil eng Beruffsausbildung kënne maachen. Dofir ass de Ministère zesumme mat de Beruffskummeren zur Conclusioun komm, bis d'Rentrée 2027/2028 sämtlech Beruffsausbildungen am Handwierk och op Franséisch unzebidden. Donieft soll och d'Offer vun der engleschsproocheger Beruffsausbildung ausgebaut ginn.

Zesumme mat de Beruffskummere wäert de Ministère eng breet Campagne iwwer

d'Méiglechkeeten an d'Attraktivitéit vun der Beruffsausbildung lancéieren.

Inklusioun schrëttweis verbesseren

Déi lescht Joren ass opgrond vun enger grousser Evaluatioun vill an den Dispositif vun den Ënnerstëtzungsméiglechkeete fir Kanner mat spezifesche Besoinen investéiert ginn. Fir datt d'Offer och no bei déi betraffe Famille kënnt, maachen déi verschidde Kompetenzzentre weider regional Antennen op an d'Équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques (ESEB) gi weider ausgebaut, dëst besonnesch an de Lycéeën. An de Grondschoule ginn dëst Joer 50 Assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques (A-EBS) agestallt, fir d'Inklusioun weider ze ënnerstëtzen. Fir der steigender Zuel vu Kanner mat Verhalensopfällegkeeten a sozio-emotionellen Defiziter an der Grondschoul an am Lycéesalter gerecht ze ginn, wäerte weider Centres socio-thérapeutiques geschaf ginn, wou Kanner Beschoulung an therapeutesch Ënnerstëtzung kréien.

Projet de loi iwwert de Jugendschutz

De Projet de loi iwwert de Jugendschutz wäert 2024 finaliséiert ginn. Dëst garantéiert eng besser Ënnerstëtzung, Hëllef an de Schutz vu Kanner a Jugendlechen a vun hire Famille. Et gëtt och un enger Vernetzung vun der Aarbecht vum Office national de l'enfance (ONE) mat de Schoule geschafft.

 

Aktualiséiert