Biographie

De Claude Meisch ass de 27. November 1971 zu Péiteng gebuer.

Studium an Ausbildung

No sengem Ofschlossdiplom vun der 13e technique générale am Lycée technique Mathias Adam zu Rolleng studéiert de Claude Meisch op der Universitéit Tréier, wou hien 1998 en Diplom a Wirtschaftsmathematik mécht.

Regierungsfunktiounen

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 trëtt de Claude Meisch de 4. Dezember 2013 als Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an als Minister fir Héichschoul a Fuerschung an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Claude Meisch de 5. Dezember 2018 zum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an zum Minister fir Héichschoul a Fuerschung an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Claude Meisch de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an zum Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Member vun der DP säit 1994, gëtt de Claude Meisch 1999 op der Lëscht vun der DP als Deputéierte vum Bezierk Süde fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. 2004, 2009 an 2013 gëtt hien erëmgewielt. An der Chamber ass hien ënner anerem vun 2009 bis 2013 Vizepresident vun der Finanz- a Budgetskommissioun, a vun 2004 bis 2006 a vun 2009 bis 2013 Vizepresident vun der Kommissioun fir Famill, Jugend a Chancëgläichheet.

Op regionalem Niveau ass de Claude Meisch fir d'éischt Schäffen an der Gemeng Déifferdeng vun 2000 bis 2002 an duerno Buergermeeschter vun 2002 bis 2013. Hie bleift bis zu senger Nominatioun als Minister op dësem Posten.

Vun 2004 bis 2013 ass de Claude Meisch President vun der DP.

Beruffstätegkeet

Vun 1999 bis 2013 schafft de Claude Meisch bei der Banque de Luxembourg.

Vun 2005 bis 2013 ass hie President vum interkommunale Syndicat vum Spidol Princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer, a vun 2008 bis 2013 Member vum Verwaltungsrot vum Centre hospitalier Émile Mayrisch (CHEM).

Aktualiséiert