Den Eric Thill huet den nationalen Aktiounsplang ''Accès à la culture'' virgestallt

Den 21. Abrëll 2026 huet de Kulturminister Eric Thill den nationalen Aktiounsplang „Accès à la culture“ am Kader vun enger Pressekonferenz am Kulturministère virgestallt. Dëse Plang definéiert 99 konkreet Mesuren, déi bis 2030 sollen ëmgesat ginn an den Zougang zur Kultur zu Lëtzebuerg sollen demokratiséieren, a riicht sech prioritär un déi Publicken, déi haut am wäitsten dervun ewech sinn.

Eric Thill, ministre de la Culture
© MCULT

De Minister huet rappeléiert, datt d’Kultur an engem Kontext, dee vu ville Spannunge gezeechent ass, méi wéi jee virdrun eng essentiel Roll spillt:

„D’Kultur verbënnt, berouegt a bréngt zesummen; se mécht d’Dieren op fir den Dialog, de Respekt an e géigesäitegt Verständnis. D’Kultur ass ee vun de Piliere vun eisem sozialen Zesummenhalt an d’Fundament vun eisem Zesummeliewen.“

Den Zougang zur Kultur imposéiert sech haut ewéi e fundamentale Prinzip, deen zënter 2023 an eiser Verfassung verankert ass, am Aklang mat den internationalen Engagementer vu Lëtzebuerg.

E gedeelten Engagement an eng partizipativ Approche

Wëssenschaftlech Donnéeën aus dräi Enquêten, déi tëschent 2023 an 2025 gemaach goufen, hu Follgendes gewisen: Trotz enger grousser, diversifiéierter a qualitativ héichwäerteger Offer bleiwe strukturell Barriäre bestoen, déi den Zougang zur Kultur weiderhi fir verschidde Publicke bremsen.

An deem Kontext huet de Kulturministère eng partizipativ Demarche lancéiert, déi de ganze Kultursecteur mobiliséiert huet. D’Assises culturelles 2025, déi dem Zougang zur Kultur gewidmet waren a méi wéi 300 Participanten a Participanteën zesummebruecht hunn, hunn de Lancement vun enger kollektiver Dynamik ronderëm dëse prioritäre Sujet markéiert. Duerno gouf et eng groussflächeg Concertatiounsphas iwwer e puer Méint mat Consultatiounen, Atelieren an aneren Echange-Formater.

Den nationalen Aktiounsplang ''Accès à la culture'': 7 Prioritéiten, 33 Objektiver an 99 Aktiounen

Am Aktiounsplang sti 7 Prioritéiten am Fokus, déi an 33 Objektiver an 99 konkreet Aktiounen ausformuléiert goufen, déi tëschent 2026 an 2030 op eng progressiv Manéier sollen ëmgesat ginn.

An éischter Linn sollen d’Barriäre suppriméiert ginn, déi den Zougang zur Kultur vu verschiddene Publicken den Ament nach verhënneren – sief et aus physeschen, sozio-ekonomeschen, geografeschen oder symbolesche Grënn.

A senger Gesamtheet berout den Aktiounsplang op enger Kombinatioun aus strukturéierenden Aktiounen ewéi dem Stäerke vun der Presenz vun der Kultur an de schoulesche Parcoursen oder vun de sozialen Dispositiffen ewéi de Kulturpass, fir prioritär déi Publicken ze erreechen, déi am meeschte betraff sinn.

Op där anerer Säit erlabe cibléiert Investissementer a Pilotprojeten, déi effikasste Léisungen ze identifizéieren, ier se groussflächeg ëmgesat ginn.

Den Aktiounsplang soll och d’Roll vun de Kënschtler a Kënschtlerinne stäerken, andeem hir Vernetzung favoriséiert gëtt, se méi eng grouss Visibilitéit kréien an adequat Aarbechtsinfrastrukture fir se geschaf an op eng equilibréiert Manéier iwwer de ganzen Territoire vum Land verdeelt ginn.

Alignement mam Kulturentwécklungsplang 2018–2028 an dem Koalitiounsaccord

Den Aktiounsplang ass kohärent mam Kulturentwécklungsplang 2018–2028, andeem en eng konkreet Äntwert op dräi Kapitele liwwert – „Éducation“ (Educatioun), „Culture en région“ (Kultur an der Regioun) a „Citoyenneté culturelle et accessibilité“ (kulturell Staatsbiergerschaft an Accessibilitéit) – an andeem en 13 vun den 61 Recommandatiounen ëmsetzt.

Des Weidere stellt en eng geziilt Äntwert op de Koalitiounsaccord 2023–2028 duer, andeem op eng prioritär Manéier 9 vun de 15 Engagementer integréiert gi sinn, déi am Beräich vun der Kultur definéiert goufen.

Communiqué vum Kulturministère

Regierungsmember

THILL Eric

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

21.04.2026