Nei Nout-Indemnitéite fir mikro a kleng Betriber

Den 22. Abrëll 2020, huet de Regierungsrot, op de Virschlag vum Minister fir Mëttelstand, Lex Delles, zwee Projete gestëmmt fir groussherzoglech Reglementer déi nei Mesurë virgesinn, fir mikro a kleng kommerziell an handwierklech Betriber finanziell z'ënnerstëtzen.

Betriber déi tëschent 10 an 20 Persoune beschäftegen, kënnen esou vun enger eemoleger Indemnitéit profitéieren, déi aus engem Forfaitsbetrag vun 12.500 Euro besteet.

Heibäi kënnt dass d'Forfaitsindemnitéit vu 5.000 Euro, déi duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 25. Mäerz 2020 geschafe gouf fir Betriber mat manner wéi 10 Persounen, déi gezwonge gi sinn zouzemaachen oder hir Aktivitéiten opzehalen z'ënnerstëtzen, elo och op aktiv Betriber accordéiert gëtt, déi tëscht dem 15. Abrëll an dem 15. Mee 2020 op d'mannst 50% vun hirem Ëmsaz verléieren.

Eng zousätzlech Indemnitéit vu 5.000 Euro gëtt och fir Betriber accordéiert, déi manner wéi 10 Persoune beschäftegen an déi net erlaabt kritt hunn, hir Aktivitéiten erëm opzehuelen, oder Betriber déi hir Aktivitéit erëm hunn dierfen ophuelen, mä déi an der Period vum 15. Abrëll 2020 bis de 15. Mee 2020 op manst 50% vun hirem Ëmsaz verléieren.

De Minister fir Mëttelstand,Lex Delles, weist dorobber hin, dass "mir versichen déi direkt finanziell Ënnerstëtzung fir mikro a kleng Betriber ze verstäerken, well grad si allgemeng méi ufälleg si fir onberechenbar Virfäll wéi de COVID-19. ​ Eng séier a wierksam Ënnerstëtzung ass an enger Kriseperiod liewenswichteg".

Méi detailléiert Informatioune fënnt een ab e Freiden op Guichet.lu. ​ De Formulaire fir d'Demanden anzereechen, déi vun der Direktioun fir Mëttelstand traitéiert ginn, fënnt een am Laf vun nächster Woch op Guichet.lu. D'Demande kann een am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu iwwert en Online-Assistent erarrechen an dat via e Produit vu LuxTrust (z.B. Token, Smartcard oder Signing Stick) oder eng elektronesch Identitéitskaart. ​ Dës Applikatioun fir eng Demande online unzefroën gouf vum Wirtschaftsministère mat der Ënnerstëtzung vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) entwéckelt.

 

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand

Aktualiséiert