Biographie

De Lex Delles ass den 28. November 1984 gebuer. a staamt vu Munneref.

Studium an Ausbildung

Nom Ofschloss vu sengem Secondairesstudium 2003 besicht de Lex Delles d'Universitéit Lëtzebuerg fir do Droit ze studéieren, bevir hien awer säin Ofschloss an der Pedagogik op der HERS (Haute Ecole Robert Schuman) zu Virton (Belsch) mécht.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 trëtt de Lex Delles de 5. Dezember 2018 als Minister fir Mëttelstand a Minister fir Tourismus an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an. No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Lex Delles de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Getrei sengem Motto "Näischt ass méi einfach wéi ze kritiséieren, besser awer et mécht een eppes" engagéiert de Lex Delles sech säit 2010 bei de Jonken Demokraten (JDL). Hie relancéiert d'Sektioun vun der JDL zu Munneref an d'Jonk Demokraten am Walbezierk Osten, déi hien och bis 2013 presidéiert. Vun November 2015 bis Juni 2022, ass de Lex Delles Vizepresident vun der DP. Am Juni 2022 gëtt hien am Alter vu 37 Joer zum neie President vun der DP gewielt. 2011 ass de Lex Delles fir d'éischte Kéier bei de Gemengewalen ugetrueden an ass och direkt zum éischte Schäffe vu Munneref gewielt ginn. Am Januar 2014 gëtt hien zum Buergermeeschter vu sengem Heemechtsduerf ernannt. De Lex Delles war och vu Mäerz 2014 bis zu sengem Antrëtt an d'Regierung President vum interkommunale Syndikat SIAER - Triangle vert ( Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional dans le canton de Remich). Bei de Chamberwalen 2013 gëtt de Lex Delles an d'Chamber gewielt an gëtt 2014, am Alter vu 29 Joer, dee jéngsten Député-maire am Land. Bei de Gemengewalen 2017 kann hie säi Mandat als Buergermeeschter verdeedegen an hie besetzt dat Mandat bis zum Moment vu sengem Antrëtt an d'Regierung. An der Chamber presidéiert de Lex Delles vun 2013 bis 2018 d'Kommissioun fir Educatioun, Kanner a Jugend. Weider ass hie Member vun der Kommissioun fir d'Fonction publique an d'Verwaltungsreform, vun der Kommissioun fir Landwirtschaft, Wäibau, ländlech Entwécklung a Konsumenteschutz, souwéi der Komissioun fir Kultur. De Lex Delles ass och Ersatzmember vun der Lëtzebuerger Delegatioun beim interparlamentaresche Rot vum Benelux vun 2015 bis 2018. 

Beruffstätegkeet

No senge Studie schafft de Lex Delles als Schoulmeeschter an der Grondschoul zu Lenneng

Aktualiséiert