Nationale Commemoratiounsdag 2022 – Proklamatioun vun der Regierung

Mir gedenken dëst Joer dräi Anniversairen, déi eist Land a Geschicht markéiert hunn.

Et sinn elo 80 Joer hier dass de Gauleiter Gustav Simon mat senger Proklamatioun vum 30. August 1942 den Déngscht an der Wehrmacht fir Lëtzebuerger Jongen obligatoresch gemaach huet. Mir denken un déi méi wéi 10.000 zwangsrekrutéiert jonk Männer, mee och un déi 3.614 jonk Fraen, déi an de Reichsarbeitsdienst souwéi an de Kriegshilfsdienst gezwonge goufen. Mir wëllen eis och un hir Familljen erënneren an doru viru wéi engem schwierege Choix si all, op jonk oder al, stoungen.

Virun 80 Joer sinn och d'Lëtzebuerger Biergerinnen a Bierger, Schülerinnen a Schüler, uechter d'Land an de Generalstreik getruede fir sech esou dëser Zwangsrekrutéierung ze widdersetzen. De Streik, deen den 31. August 1942 zu Wolz ugefaangen huet, war a bleift e staarkt Zeeche vu Solidaritéit an Zesummenhalt dat mir eis an dësen Zäiten ëmmer nees virun Ae féiere sollten.

2022 markéiert och den 80. Joresdag vun der Wannseekonferenz, eng Konferenz wou d'Nazien de systematesche Genozid un de Judde beschloss hunn, also och un de jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger aus dem besate Grand-Duché. Am Ganze verloosse siwen Deportatiouns-Convoie Lëtzebuerg während dem Krich. Mir engagéieren eis weider fir eng Welt ouni Haass, Friemefeindlechkeet an Antisemitismus.

Mam Krich an der Ukrain kritt den Nationale Commemoratiounsdag dëst Joer eng ganz aktuell Bedeitung. Fräiheet, Demokratie, a Fridde si Fundamenter vun eiser Gesellschaft fir déi et sech lount sech anzesetzen. Dofir huet sech Lëtzebuerg solidaresch mat der Ukrain an dem ukrainesche Vollek gewisen.

Als Gesellschaft däerfen a wäerte mir net vergiessen. Et ass dofir wichteg dass mir d'Undenken un d'Affer an d'Lektiounen aus dem Krich un déi nächst Generatioune weiderginn. Hei si mir all gefrot.

Xavier BETTEL, Paulette LENERT, François BAUSCH,

Jean ASSELBORN, Claude MEISCH, Corinne CAHEN,

Marc HANSEN, Claude TURMES, Sam TANSON, Taina BOFFERDING,

Lex DELLES, Henri KOX, Franz FAYOT, Claude HAAGEN,

Georges ENGEL, Yuriko BACKES, Joëlle WELFRING

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert