Aktuell Funktiounen
- Verdeedegungsministesch
- Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
- Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit
Biographie
D'Yuriko Backes ass den 22. Dezember 1970 zu Kobe, Japan, gebuer.
No hirem internationale Premièresdiplom, dee si 1989 op der Canadian Academy International School zu Kobe kritt, absolvéiert d'Yuriko Backes 1992 e Bachelor an internationale Bezéiungen op der London School of Economics and Political Science. Dono féiert si hir Universitéitsstudien op der School of Oriental and African Studies zu London weider a kritt 1993 hire Master a Japanstudien. 1994 schléisst d'Yuriko Backes hiren akademesche Parcours mat engem Master am Beräich europäesch Politik- a Verwaltungsstudien am Collège d’Europe zu Bruges of.
Neisten Noriichten
-
Pressekonferenz: Presentatioun vun de Resultater vun der nationaler Ëmfro iwwer d'Perceptioun vu Risiken a Menacen
De Livestream fänkt géint 11:30 Auer un.
-
Nationalfeierdag 2026
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse souwéi d'Membere vun der Regierung den 22. an 23. Juni 2026 un de Festlechkeeten zu Déifferdeng an an der Stad Lëtzebuerg deel.
-
Senior Drivers Day – Seniore kënnen an engem séchere Kader hiert Fuerverhalen testen
Den 3. Juni 2026 sinn eng ronn 60 Fuererinnen a Fuerer tëscht 60 a 70 Joer am Centre de formation pour conducteurs um Colmer-Bierg fir de Senior Drivers Day zesummekomm.