Succès vum éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, a Presenz vum Eric Thill

De 26. September 2025 war déi éischt offiziell Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi zäitgläich mat der Journée européenne des langues organiséiert gouf. De Kulturminister Eric Thill huet an dësem Kader den Engagement vun der Regierung fir d'Promotioun an d'Valorisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch nach eemol ënnerstrach.

De Minister huet u verschiddene Schlësselmomenter vum ëmfangräiche Programm deelgeholl. Nodeems hien zesumme mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch d'Mesurë vun der Regierung fir d'Lëtzebuerger Sprooch am Bildungssystem presentéiert huet, war den Eric Thill an den Hôtel des Terres Rouges, dem Sëtz vum Kulturministère, de Concert vun der Kannerchorale Ice Clic lauschteren, deen och live an de Schoulen a Maison-relaisen iwwerdroe gouf an nach bis e Méindeg um YouTube-Kanal vum Kulturministère ze gesinn ass. Um Programm vum Minister stoung duerno eng Visitt vum Theateratelier "D'Méiw", no engem Text vum Anton Tschechow, dee vum Bonobo Collective an der Nationalbibliothéik organiséiert gi war.

Dësen éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch geet op d'Mesure 38 aus dem Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch zeréck (deen am Dezember 2022 ugeholl gouf), mam Zil, d'Plaz vun der Sprooch am Alldag, an der Bildung, an der Kultur an an der Fuerschung ze stäerken. De gewielte Motto fir dës Editioun "Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt" huet beim Public vill Resonanz fonnt a vill Leit hu matgemaach.

Parallel zu de ville verschiddene Manifestatiounen (Konferenzen, Concerten, Ausstellungen, Atelieren a pedagogesch Aktivitéiten) goufen och divers nei Publikatiounen iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Vitrinn gestallt, wéi zum Beispill: À propos... des langues au Luxembourg vum Service information et presse vun der Regierung, eng Spezialeditioun vum digitale Magasinn Konterbont vun der ASBL Autisme Luxembourg an déi nei Publikatioun vum Duden Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken.

De groussen Erfolleg vun dëser éischter Editioun weist, wéi wichteg et ass, den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch als järlechen Event am Land ze verankeren. An deem Sënn wäert de Kulturministère en vue vun der Editioun 2026 en Appel à projets lancéieren, fir d'Zivilgesellschaft, d'Kulturwelt an d'Fuerschung nach méi staark anzebannen an nei Initiative ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch unzestoussen.

Communiqué vum Kulturministère

Regierungsmember

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

26.09.2025