Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 90 Resultater
  1. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  2. An eiser méisproocheger Gesellschaft spillt d'Lëtzebuergescht eng wichteg Roll. Den Interessi vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, wiisst zënter Jore konstant. Esou wéi 2017 an der Strategie vun der Regierung fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen, sollen d'Mesuren an deem Beräich e klore Kader kréien, mat engem 20-Joresplang, dee bis Enn 2022 virleie soll.

  3. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d'Offer an d'Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert.

  4. De Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert den 23. Mäerz 2022 d'Campagne "Fann deng Bün!” fir enger Majoritéit vu Kanner a Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, déi vaste Offer vum Enseignement musical ze notzen.

  5. Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten "Nationale Bericht iwwert d'Situatioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg" virgestallt.

  6. Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.

  7. Den 22. Februar 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz um Ministère a Clausen d'Eropsetze vum Schoulflichtalter virgestallt, d'Haaptzil vum Projet de loi relatif au droit à l'enseignement et à l'obligation scolaire.

  8. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 27. Januar 2022 op enger Pressekonferenz am Lycée Michel-Rodange a Presenz vun der Directrice adjointe, Claire Simon, dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e virgestallt, dat zënter der Rentrée 2021/2022 um Stonneplang vun der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général seng Plaz huet.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit