Aktualiséiert den
Presentatioun vu "Mäi Guide fir 72 Stonnen Autonomie" a vun der nationaler Campagne "Bass du prett?"
De Guide ass Deel vun der Ëmsetzung vun der nationaler Resilienzstrategie, déi de Premierminister den 13. Oktober 2025 virgestallt huet. E berécksiichtegt och d'Erwaardunge vun de Biergerinnen a Bierger, déi aus enger nationaler Ëmfro iwwer d'Aschätzung vu Risiken am Fréijoer 2026 ervirgaange sinn. Dës Ëmfro hat erginn, datt d'Bevëlkerung méi zouverlässeg Informatiounen a konkret Rotschléi brauch, fir an aussergewéinleche Situatiounen effikass reagéieren ze kënnen.
De Guide ass Deel vun der Ëmsetzung vun der nationaler Resilienzstrategie, déi de Premierminister den 13. Oktober 2025 virgestallt huet. E berécksiichtegt och d'Erwaardunge vun de Biergerinnen a Bierger, déi aus enger nationaler Ëmfro iwwer d'Aschätzung vu Risiken am Fréijoer 2026 ervirgaange sinn. Dës Ëmfro hat erginn, datt d'Bevëlkerung méi zouverlässeg Informatiounen a konkret Rotschléi brauch, fir an aussergewéinleche Situatiounen effikass reagéieren ze kënnen.
Egal ob Naturkatastroph, länger Stroumpann, Cyberattack oder eng aner gréisser Stéierung vun essenzielle Servicer: De Guide soll all Stot dobäi ënnerstëtzen, sech esou virzebereeden, datt en déi éischt 72 Stonne selbstänneg fir seng Grondbedierfnesser suerge kann. Dës zäitweileg Autonomie erliichtert d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter an erméiglecht et den Autoritéiten, sech prioritär ëm besonnesch vulnerabel Persounen ze këmmeren.
Déi kollektiv Resilienz stäerken
De Premierminister Luc Frieden huet d'Bedeitung vun der individueller Virbereedung als onverzichtbar Ergänzung zu de Moossname vun den ëffentlechen Autoritéiten ervirgehuewen:
"Resilienz kann een net einfach decidéieren, si muss opgebaut ginn. De Staat muss gutt virbereet sinn, mee och all eenzele Bierger huet eng Roll ze spillen. Eist Zil ass et, de Biergerinnen a Bierger konkret Hëllefsmëttel an d'Hand ze ginn, fir dass si an den éischte Stonne vun enger Kris selbstänneg a geloossen handele kënnen. Eng Gesellschaft, déi gutt informéiert a virbereet ass, ass méi staark, méi solidaresch a méi resilient."
Dës Approche baséiert op enger gemeinsamer Verantwortung vun den Autoritéiten, de Gemengen, den Acteuren um Terrain an de Biergerinnen a Bierger. Jidderee kann dozou bäidroen, datt d'Land Krise besser meeschtere kann an d'Kontinuitéit vun den essenzielle Servicer garantéiert bleift.
D'Gemengen am Mëttelpunkt
Den Inneminister Léon Gloden huet déi zentral Roll vun de Gemenge bei der Ëmsetzung vun der nationaler Resilienzstrategie ervirgehuewen:
"Resilienz geet eis alleguerten eppes un: de Staat, d'Gemengen an d'Biergerinnen a Bierger. D'Gemenge spillen eng zentral Roll, wann et drëms geet, d'Awunner ze informéieren, ze sensibiliséieren an ze begleeden. National Resilienz fänkt um lokalen Niveau un. Dofir huet den Inneministère am leschten November e Guide virgestallt, deen de Gemengen hëllefe soll, e lokale Resilienzplang auszeschaffen." De Minister huet och op verschidden Initiativen higewisen, déi an de leschte Méint zesumme mat de Gemengen organiséiert goufen, dorënner eng Rei Atelieren zum Thema Resilienz fir politesch Responsabel a Gemengebeamten.
E praktesche Guide, dee fir jiddereen zougänglech ass
Den Haut-commissaire à la protection nationale, Guy Bley, huet den Inhalt vum Guide virgestallt. Dëse gouf esou ausgeschafft, datt en einfach ze verstoen, fir jiddereen zougänglech an direkt am Alldag ëmsetzbar ass:
"Sech virzebereede bedeit net, datt ee muss wëssen, wéi eng Kris als nächst op eis duerkënnt. Et geet villméi drëm, sech einfach Verhalensweisen unzëeegnen, fir besser reagéieren ze kënnen, wann eppes Onerwaartes geschitt. Domat iwwerhëlt jidderee Verantwortung an dréit zur Sécherheet vun eis alleguerte bäi."
De Guide ass a véier Themeberäicher opgedeelt: déi verschidde Risiken, d'Warn- an Informatiounssystemer, d'Roll vun den Autoritéiten an enger Krisesituatioun a virun allem konkret Moossnamen, mat deenen d'Stéit hir Autonomie stäerke kënnen. En enthält ënner anerem eng Lëscht mat wichtegem Material, praktesch Recommandatiounen an e perséinlechen Noutfallplang. Dobäi ginn och Theme wéi d'Kommunikatioun, d'Betreiung vu vulnerabele Persounen an d'Versuerge vu wichtegen Dokumenter behandelt.
Eng landeswäit Verdeelung
Vum 14. Oktober 2026 u gi ronn 300.000 Exemplare vum Guide un all d'Stéit am Land verdeelt. De Guide ass a gedréckter Form op Lëtzebuergesch a Franséisch disponibel. Op www.letzprepare.lu steet en och op Däitsch, Englesch a Portugisesch zur Verfügung. Eng Versioun an einfacher Sprooch soll dofir suergen, datt d'Informatioune fir jiddereen zougänglech sinn.
D'Campagne "Bass du prett?" begleet d'Verdeelung vum Guide iwwer verschidde Kommunikatiounskanäl. Si soll d'Bevëlkerung op einfach Verhalensweisen a Moossnamen opmierksam maachen, mat deenen ee sech besser op onerwaart Situatioune virbereede kann. Gläichzäiteg soll si dozou bäidroen, d'Resilienzkultur zu Lëtzebuerg ze stäerken.
Communiqué vum Staatsministère, dem Inneministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet