-
Nationalfeierdag 2024
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele Wunnraum
Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.
-
D'breet Ëffentlechkeet gëtt opgeruff den zukünftege Warnsite "lu-alert.lu" ze bewäerten
Den Inneminister Léon Gloden lancéiert d'Testphas wärend enger Pressekonferenz
-
En Dampmelder ka Liewe retten! Den Inneministère erënnert un d'Installatiounsflicht
Ee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz, nodeem d'Bewunner vun engem Gebai verflicht sinn en Dampmelder an de Fluchtweeër an an de Schlofkummeren z'installéieren, erënnert den Inneminister Léon Gloden nach eemol un d'Wichtegkeet vun dëser Moossnam: "Duerch dësen techneschen Tool kann e méigleche Brand sou fréi wéi méiglech detektéiert ginn. En ass zougänglech, a kann all Betraffene warnen a schützen."