Aktualiséiert den
Biographie
De Marc Spautz ass 1963 zu Esch-Uelzecht gebuer.
Studium an Ausbildung
De Marc Spautz geet an de Lycée privé Emile Metz an duerno an de Lycée technique vun Esch-Uelzecht an d'Schoul, ier hien eng Ausbildung als Autosmecanicien ufänkt.
Regierungsfunktiounen
Vun Abrëll bis Dezember 2013 ass de Marc Spautz Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten esouwéi Minister fir d'Bezéiungen zum Parlament an der Regierung Juncker-Asselborn II. Nom Récktrëtt vum Georges Mischo gëtt Marc Spautz den 11. Dezember 2025 zum Aarbechtsminister an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei ernannt.
Aner politesch Funktiounen
1981 ass de Marc Spautz der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) bäigetrueden. Vun 2009 bis 2012 ass hie Generalsekretär vun der Partei a vu Februar 2014 bis Januar 2019 Parteipresident.
Bei de Chamberwale vun 2004 gëtt de Marc Spautz eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. 2009, 2013, 2018 an 2023 gëtt hien erëmgewielt. Vun Oktober 2011 bis Abrëll 2013 a vun November 2023 bis zu senger Ernennung zum Minister ass hie President vun der CSV-Fraktioun an der Chamber.
Op lokalem Niveau ass de Marc Spautz a senger Heemechtsgemeng Schëffleng säit 1994 am Gemengerot vertrueden, mat enger Ënnerbriechung wärend senger Zäit als Minister vun 2013 bis 2017: vun 1994 bis 1999 als Member vum Gemengerot, vun 2000 bis 2005 als Schäffen, vun 2005 bis 2011 als Member vum Gemengerot, vun 2011 bis Abrëll 2013 als Schäffen a vun Enn 2017 bis Dezember 2025 och nees als Schäffen.
Parallel zu sengem politeschen Engagement ass de Marc Spautz Member vun der Chambre de travail (1984-1988) a vun der Chambre des employés privés (1993-2004).
Beruffstätegkeet
Vun 1978 bis 1984 schafft hien als Autosmecanicien. Duerno ass hie vun 1984 bis 1985 bei der WSA (Warehouse Service Agency) zu Suessem a vun 1985 bis 1989 bei der deemoleger Cegedel ugestallt. Vun 1990 bis 1996 ass hie Gewerkschaftssekretär vum LCGB, vun 1996 bis 1998 bäigeuerdente Generalsekretär a vun 1998 bis 2009 Generalsekretär vum LCGB.