Nationalfeierdag 2024

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2024 un de Festivitéiten deel, déi zu Kielen, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

23. Juni 2024

Offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den 23. Juni gëtt et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do treffen sech d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, d'Membere vun der Regierung, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum akkreditéierten diplomatesche Corps.

Déi groussherzoglech Famill gëtt, bei hirer Arrivée an der Philharmonie Lëtzebuerg, mam Wilhelmus empfaangen, dee vun der Militärmusek interpretéiert gëtt. De Groussherzog an d'Groussherzogin, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, de Prënz Félix d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory, de Prënz Louis an de Prënz Sébastien gi vum Chamberpresident Claude Wiseler, vum Premierminister Xavier Bettel, a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaangen.

Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen de Grand-Duc, de Claude Wiseler an de Luc Frieden eng Usprooch an duerno iwwerreechen si Auszeechnungen u Perséinlechkeeten aus der ziviler, ekonomescher a kultureller Zen.

Den OPL (Orchestre philharmonique du Luxembourg), de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire suerge fir déi musikalesch Begleedung. Um Programm steet och eng Kompositioun vum Gittarist a Komponist David Laborier, eng Commande vum Staatsministère a vum Kulturministère.

  1. ©SIP / Emmanuel Claude

    (vu l. no r.) Generol Steve Thull, Chef d'État-Major vun der Arméi; Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police Lëtzebuerg

    (vu l. no r.) Generol Steve Thull, Chef d'État-Major vun der Arméi; Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police Lëtzebuerg

  2. ©SIP / Emmanuel Claude

    (vu l. no r.) Maurice Bauer, Éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg

    (vu l. no r.) Maurice Bauer, Éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg

  3. ©SIP / Claude Piscitelli

    Membere vum Ordre judiciaire

    Membere vum Ordre judiciaire

  4. ©SIP / Emmanuel Claude

    Luc Frieden, Premierminister, mat senger Fra

    Luc Frieden, Premierminister, mat senger Fra

  5. ©SIP / Emmanuel Claude

    Xavier Bettel, Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel; Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, mat sengem Mann

    Xavier Bettel, Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel; Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, mat sengem Mann

  6. ©SIP / Emmanuel Claude

    (vu l. no r.) Gilles Roth, Finanzminister; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz

    (vu l. no r.) Gilles Roth, Finanzminister; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz

  7. ©SIP / Emmanuel Claude

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, kanner a Jugend, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, mat senger Fra

    Claude Meisch, Minister fir Educatioun, kanner a Jugend, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, mat senger Fra

  8. ©SIP / Emmanuel Claude

    Lex Delles, Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, mat sengem Mann

    Lex Delles, Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, mat sengem Mann

  9. ©SIP / Emmanuel Claude

    Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, mat hirem Mann

    Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, mat hirem Mann

  10. ©SIP / Emmanuel Claude

    Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, mat senger Fra

    Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, mat senger Fra

  11. ©SIP / Emmanuel Claude

    Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, mat hirem Mann

    Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, mat hirem Mann

  12. ©SIP / Emmanuel Claude

    Léon Gloden, Inneminister, mat senger Fra

    Léon Gloden, Inneminister, mat senger Fra

  13. ©SIP / Emmanuel Claude

    (vu l. no r.) Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung; Georges Mischo, Sportsminister, Aarbechtsminister

    (vu l. no r.) Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung; Georges Mischo, Sportsminister, Aarbechtsminister

  14. ©SIP / Emmanuel Claude

    Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, mat senger Fra

    Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, mat senger Fra

  15. ©SIP / Emmanuel Claude

    Elisabeth Margue, Justizministesch, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament, mat hirem Mann

    Elisabeth Margue, Justizministesch, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament, mat hirem Mann

  16. ©SIP / Emmanuel Claude

    Eric Thill, Kulturminister, Delegéierte Minister fir Tourismus, mat senger Fra

    Eric Thill, Kulturminister, Delegéierte Minister fir Tourismus, mat senger Fra

  17. ©SIP / Emmanuel Claude

    (de g. à dr.) Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Luc Frieden, Premierminister; Claude Wiseler, President vun der Chamber

    (de g. à dr.) Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Luc Frieden, Premierminister; Claude Wiseler, President vun der Chamber

  18. ©SIP / Claude Piscitelli

    D'Prinzessin Alexandra an den Här Nicolas Bagory

    D'Prinzessin Alexandra an den Här Nicolas Bagory

  19. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v. l. n. r.) de Prënz Louis; de Prënz Félix; de Prënz Sébastien

    (v. l. n. r.) de Prënz Louis; de Prënz Félix; de Prënz Sébastien

  20. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog

    D'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog

  21. ©SIP / Claude Piscitelli

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

  22. ©SIP / Claude Piscitelli

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  23. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'Grande-Duchesse an de Grand-Duc

    D'Grande-Duchesse an de Grand-Duc

  24. ©SIP / Emmanuel Claude

    Illustratioun

    Illustratioun

  25. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustration

    Illustration

  26. ©SIP / Emmanuel Claude

    Luc Frieden, Premierminister

    Luc Frieden, Premierminister

  27. ©SIP / Emmanuel Claude

    Claude Wiseler, President vun der Chamber

    Claude Wiseler, President vun der Chamber

  28. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustratioun

    Illustratioun

  29. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Patrick de la Hamette, Benevole Co-Fondateur vun der Digital Inclusion asbl; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Patrick de la Hamette, Benevole Co-Fondateur vun der Digital Inclusion asbl; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

  30. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Georges Klepper, Benevole an Auteur; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Georges Klepper, Benevole an Auteur; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

  31. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Julie Becker, CEO vun der Bourse de Luxembourg; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Julie Becker, CEO vun der Bourse de Luxembourg; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

  32. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Pierre Cao, Dirigent a Museker; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

    (v. l. n. r.) Luc Frieden, Premierminister; Pierre Cao, Dirigent a Museker; de Grand-Duc; Claude Wiseler, President vun der Chamber

  33. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc

    De Grand-Duc

  34. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Den Iergroussherzog; Luc Frieden, Premierminister

    (v. l. n. r.) Den Iergroussherzog; Luc Frieden, Premierminister

  35. ©SIP / Emmanuel Claude

    Gruppefoto

    Gruppefoto

No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

  1. ©Armée luxembourgeoise / Caroline Martin

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

  2. ©Armée luxembourgeoise / Caroline Martin

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

  3. ©Armée luxembourgeoise / Caroline Martin

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

    Kanouneschëss um Fetschenhaff

Militärparad

D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, Kommandant vun der Arméi a vun den Truppen. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.

No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, ginn d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Pascal Peters. Dono inspizéieren d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Inneminister Léon Gloden d'Truppen.

Doropshin huelen, noeneen, de Premierminister, Luc Frieden, de President vun der Chamber, Claude Wiseler, de Prënz Sébastien, d'Grande-Duchesse an d'Ierfgroussherzogin Plaz op der Éierentribün.

Mëttes ginn d'Truppen da vum Staatschef a vum Ierfgroussherzog inspizéiert.

Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergant-Chef Stéphanie Schlink gesonge gouf, kënnt den Defilé vun de follgende Corps a Veräiner:

  • d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierkompagnie, dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem Détachement vu Fändeldréier vun de fréiere Bataillonen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer an d'Militärmusek;
  • eng Fändelgrupp aus Rumänien, der Belsch, Frankräich an Holland, am Kader vun der NATO-Missioiun Enhanced Vigiliance Activities a Rumänien:
  • d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierkompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Douane – mat enger Kompanie ze Fouss, enger Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fouss an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
  • de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie ze Fouss an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vum cynotechnesche Grupp an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
  • d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat 5 Museksveräiner vun der Rammerecher Gemeng.

Niddreg iwwert den Defilé fléie verschidde Fligeren: en Helikopter H145M vun der Police, e Fliger fir den Transport an de Ravitaillement vum Typ Airbus A330 vun der Multi Role Tanker Transport Unit an en Transportfliger vum Typ A400M vum 15. Wing vun der Belscher Loftkomponent, dee vu Lëtzebuerger Offizéier geflu gëtt.

  1. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

    Militärparad

  2. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Pascal Peters, Direkter vun der Police Lëtzebuerg; Generol Steve Thull, Chef vum Etat-Major

    (v. l. n. r.) Pascal Peters, Direkter vun der Police Lëtzebuerg; Generol Steve Thull, Chef vum Etat-Major

  3. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  4. ©SIP / Claude Piscitelli

    Léon Gloden, Inneminister; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

    Léon Gloden, Inneminister; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

  5. ©SIP / Emmanuel Claude

    (v. l. n. r.) Den Ierfgroussherzog; Colonel Robert Kohnen, Aide de camp an der Maison du Grand-Duc; de Grand-Duc;  Generol Steve Thull, Chef vum Etat-Major

    (v. l. n. r.) Den Ierfgroussherzog; Colonel Robert Kohnen, Aide de camp an der Maison du Grand-Duc; de Grand-Duc; Generol Steve Thull, Chef vum Etat-Major

  6. ©SIP / Claude Piscitelli

    Den Ierfgroussherzog; de Grand-Duc

    Den Ierfgroussherzog; de Grand-Duc

  7. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  8. ©SIP / Claude Piscitelli

    Transportfliger vum Typ A400M

    Transportfliger vum Typ A400M

  9. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  10. ©SIP / Claude Piscitelli

    Helikopter H145M vun der Police

    Helikopter H145M vun der Police

  11. ©SIP / Emmanuel Claude

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  12. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  13. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

    Militärparad

  14. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

    Militärparad

  15. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  16. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  17. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärmusek

    Militärmusek

  18. © SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  19. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  20. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

    Militärparad

  21. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  22. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  23. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  24. ©SIP / Claude Piscitelli

    Militärparad

    Militärparad

  25. ©SIP / Emmanuel Claude

    Militärparad

    Militärparad

  26. ©SIP / Emmanuel Claude

     (v. l. n. r.) Eric Thill, Kulturminister, delegéierte Minister fir Tourismus; Gilles Roth, Finanzminister; Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil; Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz

Te Deum

D'Zelebratioun vun engem feierlechen Te Deum ass an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg, an dëst a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill, vu Vertrieder vun der Regierung, vun den Deputéiert a vun den Nationalen Autoritéiten. No der Wëllkommensusprooch vum Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, kommen Usprooche vum Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, vum Hafiz ef. Hilmija Redžić, Kultchef vun der muslimescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg, a vum Athénagoras, Archevêque-métropolite vun der Belsch an Exarque vun Holland a vu Lëtzebuerg.

De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.

  1. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustratioun

    Illustratioun

  2. ©SIP / Claude Piscitelli

    Te Deum

    Te Deum

  3. ©SIP / Claude Piscitelli

    Te Deum

    Te Deum

  4. ©SIP / Claude Piscitelli

    (v.l.n.r.) de Prënz Sébastien; de Prënz Louis; d'Prinzessin Alexandra; den Här Nicolas Bagory

    (v.l.n.r.) de Prënz Sébastien; de Prënz Louis; d'Prinzessin Alexandra; den Här Nicolas Bagory

  5. ©SIP / Claude Piscitelli

    D'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog

    D'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog

  6. ©SIP / Claude Piscitelli

    D'Grande-Duchesse an de Grand-Duc

    D'Grande-Duchesse an de Grand-Duc

  7. ©SIP / Claude Piscitelli

    D'groussherzoglech Famill

    D'groussherzoglech Famill

  8. ©SIP / Emmanuel Claude

    Te Deum

    Te Deum

  9. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'groussherzoglech Famill

    D'groussherzoglech Famill

  10. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustratioun

    Illustratioun

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Aktualiséiert