-
Weltimpfwoch: ons kollektiv Gesondheet duerch Impfunge schützen
Vum 24. bis den 30. Abrëll fënnt d'Weltimpfwoch statt. Dëst ass d'Geleeënheet dorun ze erënneren, datt d'Entdeckung vun den Impfstoffer et der Mënschheet erméiglecht huet, datt verschidde Krankheeten, déi fréier déidlech waren, manner virulent goufen oder esouguer ganz ausgerott goufen.
-
Aféierung vun der mobiller App Pollen.lu fir eng effikass Polleniwwerwaachung zu Lëtzebuerg
Vill Lëtzebuerger sinn e Groussdeel vum Joer vu saisonale Pollenallergië betraff, an dat oft schonn ab Januar. Vun elo u kënnen déi betraffe Persounen iwwert déi mobil App Pollen.an an Echtzäit d'Pollekonzentratioun an der Loft kontrolléieren.
-
Optakt vun enger Ëmfro zur Bewäertung vum Impftaux géint HPV
Am Kader vum Internationale Sensibiliséierungsdag géint den "human papilloma virus" (HPV), lancéiert d'Gesondheetsdirektioun eng landeswäit Ëmfro fir den Impftaux géint de Papillomavirus bei Jugendlecher tëscht 9 an 20 Joer ze bewäerten.
-
Internationalen Dag vun de rare Krankheeten
Den 29. Februar ass de 17. Internationalen Dag vun de rare Krankheeten (Rare Disease Day). En Dag, deen der Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet iwwer rar Krankheeten an hiren Impakt op d'Liewe vun de Betraffene gëllt.
-
Weltkriibsdag
"Entgéint der allgemenger Virstellung, ass Kriibs net zwéngend fatal. Et ass wichteg, dass ee sech bewosst ass wat déi wëssenschaftlech nogewise Risikofacteure sinn an dass een zesummen e méi gesonden an equilibréierte Liewensstil ustrieft, fir sech esou am Alldag dëse Risike manner auszesetzen", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.