Pink October 2026: Fraen eng Stëmm ginn an un d'Wichtegkeet vum Broschtkriibsscreening erënneren

Am Kader vum Pink October, dem internationale Mount fir d'Sensibiliséierung fir Broschtkriibs, lancéieren de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet an d'Gesondheetsdirektioun eng nei Campagne, fir un d'Wichtegkeet vum organiséierte Screening ze erënneren. Dëst Joer stinn aacht Fraen am Alter vun 41 bis 74 Joer am Mëttelpunkt, déi iwwer hir Erfarunge mat der Mammographie schwätzen.

Aacht Fraen, aacht Geschichten

An enger Serie vu Videoen a Plakater, déi uechtert d'Land diffuséiert ginn, erzielen déi aacht Frae mat hiren eegene Wierder vun hiren Erfarungen, hire Suergen, deem, wat hinne Kraaft a Motivatioun ginn huet, an der Bedeitung, déi de Screening haut fir si huet.

D'Campagne gëtt de betraffene Frae selwer d'Wuert a wëll domat drun erënneren, datt hannert all Mammographie eng Fra mat hirer ganz perséinlecher Geschicht steet. Dës perséinlech Temoignage solle betraffe Fraen dozou motivéieren um Mammographie-Programm deelzehuelen. Dësen erméiglecht et, Broschtkriibs an engem fréie Stadium z'erkennen, deemno dann, wann d'Behandlungsméiglechkeeten an d'Heelungschancen am gréisste sinn.

"D'Fréierkennung bitt de Fraen déi beschten Heelungschancen. Mat dëser Campagne wëlle mir de Fraen och eng Stëmm ginn an drun erënneren, datt hir Erfarunge gehéiert musse ginn“, ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

Resultater, déi d'Wierksamkeet vum Programm bestätegen

D'Evaluatioun vum organiséierte Broschtkriibsscreening zu Lëtzebuerg, déi an Zesummenaarbecht mam Nationale Kriibsregister duerchgefouert gouf, weist positiv Resultater. 2025 goufen am Kader vum Mammographie-Programm 26.131 Mammographië gemaach. Bei 2.304 dovu waren zousätzlech Ënnersichungen néideg, an an 146 Fäll gouf Kriibs diagnostizéiert.

Déi systematesch Duebel-Lecture vun de Biller duerch zwee onofhängeg Radiologe verbessert d'Zouverlässegkeet vum Screening an erhéicht d'Chance, eng Opfällegkeet fréizäiteg ze erkennen.

Zu Lëtzebuerg riicht sech de Mammographie-Programm u Fraen am Alter vu 45 bis 74 Joer, déi am Land wunnen oder Frontalièrë sinn, an zum Zäitpunkt vun der Ënnersichung zu Lëtzebuerg sozialverséchert sinn. Si kënnen all zwee Joer eng Mammographie maachen, déi zu 100 % iwwerholl gëtt, ouni datt si d'Käschte musse virstrecken. D'Käschte gi vum Programm iwwerholl, wann d'Patientin um Dag vun der Ënnersichung zu Lëtzebuerg sozialverséchert ass.

Fraen, déi am Ausland wunnen a sozialverséchert sinn, kënnen och um Programm deelhuelen. Si kënnen dofir direkt de Centre de coordination des programmes de dépistage um (+352) 247-75550 oder per E-Mail op mammographie@ms.etat.lu kontaktéieren.

Sensibiliséierungsaktiounen am ganze Land

De ganzen Oktober iwwer sinn Ekippe vun der Gesondheetsdirektioun op Informatiounsstänn a verschiddene Spideeler, Akafszentren a Mäert am ganze Land present, fir mat der Ëffentlechkeet an d'Gespréich ze kommen.

D'Ekippe beäntweren d'Froe vum Public, erklären, wéi de Mammographie-Programm funktionéiert, a verdeelen Informatiounsmaterial. Dës Aktioune ginn an Zesummenaarbecht mat Partner organiséiert, déi sech am Beräich vun der Preventioun an der Bekämpfung vu Broschtkriibs engagéieren, dorënner d'Fondation Cancer, Europa Donna Luxembourg an Think Pink Luxembourg.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Regierungsmember

DEPREZ Martine

Event Datum

30.09.2026