Weltdag vun der Organspend: méi Bewosstsi fir d'Bedeitung vun der Organspend

Am Kader vum Weltdag vun der Organspend de 17. Oktober mécht de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet zesumme mat Luxembourg Transplant, der zoustänneger Instanz fir Organspenden an Transplantatiounen zu Lëtzebuerg, op déi liewenswichteg Bedeitung vun der Organspend opmierksam a verstäerkt seng Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht.

"Eng Organspend bitt eng zweet Chance. Si kann net nëmme Liewe retten, mee ville Mënschen och hir Selbststännegkeet an hir Mobilitéit zeréckginn an hinnen Hoffnung op eng besser Zukunft schenken", betount d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

Den 11. Oktober 2026 organiséiert Luxembourg Transplant säin traditionellen "Indoor Cycling" an der LuxExpo The Box. Ronn 1.500 Participantë sollen dobäi en Zeeche fir d'Organspend setzen. Fir dës 17. Editioun wëll Luxembourg Transplant fir dëse gudden Zweck e Weltrekord opstellen, dee vu Guinness World Records zertifiéiert gëtt.

D'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, d'Martine Hansen, Sportsministesch, de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, an den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, wäerten tëscht 10.00 a 16.30 Auer op der Plaz sinn, fir d'Initiativ ze ënnerstëtzen an d'Participanten ze begéinen.

Informatiounen zum Event:

Datum: 11.10.2026

Plaz: LuxExpo The Box – Hall 7 (Südentrée), 10 Circuit de la Foire Internationale, L-1347 Lëtzebuerg

Auerzäit: 10.15 bis 18.15 Auer

Ouni Organspenden, keng Transplantatiounen 

Fir verschidde Patiente mat schwéiere Krankheeten ass d'Transplantatioun vun engem Organ déi eenzeg Iwwerliewenschance. An anere Fäll kann eng Organtransplantatioun d'Liewensqualitéit däitlech verbesseren an d'Ofhängegkeet vun Apparater reduzéieren, déi liewenswichteg Organfunktiounen ënnerstëtzen.

Dofir ass et wichteg, datt och Lëtzebuerg zur Organspend bäidréit, fir datt d'Residenten zu Lëtzebuerg vun Transplantatioune profitéiere kënnen.

2025 goufen zu Lëtzebuerg just 2 Organspender registréiert, géintiwwer jeeweils 7 an de Joren 2023 an 2024. Dank dëse Spende konnte 4 Organer iwwer dat europäescht Eurotransplant-Netzwierk mat Erfolleg transplantéiert ginn. Ufanks 2025 stoungen 99 Patientinnen a Patienten op der nationaler Waardelëscht fir eng Transplantatioun. Am Laf vum Joer koume 55 nei Patientinnen a Patienten dobäi. 2025 konnten 43 Residentë vum Grand-Duché an Zentren am Ausland transplantéiert ginn.

Den eegene Wëllen am elektronesche Patientendossier festhalen

Am elektronesche Patientendossier (Dossier de soins partagé – DSP) kann all Persoun kloer festhalen, ob si enger Organspend zoustëmmt oder net. Bei der éischter Connexioun kann de Notzer festleeën, ob hien domadder averstanen ass, datt seng Organer no sengem Doud kënne prelevéiert ginn. Dës Informatioun gëllt als offiziell Deklaratioun a gëtt virun enger méiglecher Organentnam vum Dokter iwwerpréift. Ier Organer prelevéiert ginn iwwerpréift den Dokter ëmmer de Wëlle vun der verstuerwener Persoun: hie consultéiert den DSP, a falls dësen net existéiert oder zou ass, went hien sech un déi designéiert Vertrauenspersoun.

Dat geännert Gesetz vum 25. November 1982 iwwert Organer déi fir d'Transplantatioun bestëmmt sinn, leet fest, datt all Persoun déi sech net kloer géint eng Organspend ausgeschwat huet, als potentielle Spender gëllt.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet