minientreprises

Finall vun de Mini-Entreprises : d’Martine Hansen huet zwee nei Präisser iwwerreecht

Am Kader vun der Finall vun de Mini-Entreprises huet d’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, zwee nei Präisser iwwerreecht, déi duerch d’Ënnerstëtzung vun der Direktioun fir Konsumenteschutz agefouert goufen. 

De « Präis fir Konsumenteschutz » gouf un d’Mini-Entreprise ecoffee iwwerreecht an d’Mini-Entreprise Spongy huet de « Präis fir ee verantwortungsbewosste Konsum » gewonnen.

Mat der Aféierung vun dësen zwou Auszeechnungen ginn d’Mini-Entrepreneuren, sprëch d’Entrepreneure vu muer, sensibiliséiert op d’Wichtegkeet fir den Entrepreneursgeescht, de Konsumenteschutz an d‘Fërderung vun engem verantwortungsbewosste Konsum ze verbannen.

  1. ©JEL

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Mini-Entreprise Spongy
  2. ©DPC

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Finall vun de Mini-Entreprises

    vlnr. : Loïc Juchem, Animateur vum Owend; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  3. ©DPC

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Finall vun de Mini-Entreprises

    vlnr. : Brenda Hacker, DPC; Marc Fischer, DPC; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  4. ©JEL

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Finall vun de Mini-Entreprises

    Mini-Entreprise ecoffee

Aktualiséiert