D’Martine Hansen iwwerreecht Zertifikater bei der Clinique du droit vun der Uni Lëtzebuerg

D’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet d’Zertifikater vun de Projeten « Clinicité » an « Clinique des usagers » bei der Uni Lëtzebuerg iwwerreecht. 

D’Ministesch huet déi wichteg Roll vun der Universitéit an der praktescher Ausbildung vun de Studenten ënnerstrach, dank enger professioneller Betreiung an der Konfrontatioun mat reelle Situatiounen. Dëst erméiglecht de Studente fir hiert Wësse vum Konsumenterecht an d'Praxis ëmzesetzen.

D'Ministesch huet sech och fir déi gutt Zesummenaarbecht tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an der „Clinique du droit“ bedankt a besonnesch den Engagement vun de Studenten ervirgehuewen an hinne gewënscht, datt dës Erfarungen, déi si duerch d'Projeten gesammelt hunn, hinnen an hirer berufflecher Zukunft vu Virdeel wäerte sinn.

©Direktioun fir Konsumenteschutz Zertifikats-Iwwerreechung bei der Uni Lëtzebuerg
Zertifikats-Iwwerreechung bei der Uni Lëtzebuerg
Gruppenfoto mat den Zertifikatemfänger

Aktualiséiert