Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 132 Resultater
  1. Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen.

  2. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc dësen Nomëtteg den Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister, op deem säi Wonsch hin éierenhaft entléisst.

  3. De Premier- a Staatsminister ass fir déi 6. Kéier um WEF zu Davos an der Schwäiz. De Weltwirtschaftsforum ass eng gudd Plaz fir an engem informellen Kader, wichteg politesch an ekonomesch Akteuren ze begéinen, genau esou wéi Vertrieder vun der Zivilgesellschaft.

  4. De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 8. Oktober 2019 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2019 gehalen.

  5. E Samschdeg, den 21. September 2019 organiséiert de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale zesumme mat der Amicale Hinzert wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hir, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  7. Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 5
  4. 6
  5. 7
  6. 8
  7. 9
  8. Lescht Säit