Aktualiséiert den
D'CFL stäerken d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch op hire Quaien
Am Kader vun hirem Engagement fir d'Méisproochegkeet an d'Valorisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch huet d'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) ugefaangen, d'Nimm vun den Uertschaften op de Pannoe vun de Quaien an Haltestellen esouwuel op Franséisch ewéi och op Lëtzebuergesch ze affichéieren. Dës Initiativ, bei där mëttelfristeg 280 Pannoen am ganze Reseau concernéiert sinn, soll d'Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum stäerken, ouni awer doduerch Usageren an Usagèren ze benodeelegen.
Den 21. Mäerz 2023 hunn d'Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an den Eric Thill, Kulturminister an zoustänneg fir d'Lëtzebuerger Sprooch, sech op der renovéierter Gare zu Esch‑Uelzecht e Bild vum Avancement vum Projet gemaach, dëst a Presenz vum Jeannot Waringo, President vum Verwaltungsrot vun der CFL, a vun den Direktere Marc Hoffmann (Gestion infrastructure) an Henri Werdel (Investissements infrastructure). Esch-Uelzecht an Déifferdeng sinn déi éischt Garen, déi sech am zweesproochege Modus weisen.
"Eng zweesproocheg Beschëlderung an eisen Transport-Infrastrukture stäerkt d'Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum. D'Garë vun der CFL, op deenen all Dag vill Residenten a Residenteën, Frontalieren a Frontalièren a Visiteuren a Visiteusen zirkuléieren, profitéieren op déi Manéier vun enger Beschëlderung, déi d'Accessibilitéit vereinfacht. Den Affichage vun den Uertschaftsnimm verbessert d'Erëmerkenne vun den Uertschaften an dat mécht d'Orientéierung méi intuitiv a méi inklusiv fir alleguer d'Passagéier a Passagéierinnen", esou d'Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.
Dem Eric Thill no "illustréiert dës Moossnam op eng perfekt Manéier d'Complementaritéit vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an dem Engagement fir d'Méisproochegkeet. Se erlaabt et, déi kulturell Identitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken a gläichzäiteg d'Erëmerkennen an den alldeegleche Gebrauch vun eiser Sprooch ze vereinfachen. Dës Zort Initiativ dréit derzou bäi, d'Lëtzebuerger Sprooch méi am ëffentleche Liewen ze verankeren an esouwuel d'Residenten ewéi och d'Visiteure fir hir Wichtegkeet ze sensibiliséieren."
Et ass virgesinn, datt sämtlech Pannoen op de Garë vun der CFL bis Enn 2026 zweesproocheg sinn. Dëse Projet begleet engersäits d'Moderniséierungs-Aarbechte vun de Garen an ass anerersäits och Deel vun enger méi grousser Demarche, déi all de Passagéier a Passagéierinnen e gemeinsame linguisteschen Unhaltspunkt offréiert. "Déi nei Schëlter ginn op all de Garë vun der CFL installéiert, déi zwou Garen op franséischem Territoire Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) a Wuelmereng (Volmerange-les-Mines) mat abegraff", betount den Henri Werdel, Direkter vun den Infrastruktur-Investissementer bei der CFL, deen de Projet geleet huet. "D'Erneierung vun de Pannoen ass eng gutt Geleeënheet, fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze promovéieren an eng harmonesch Identitéit ze kreéieren."
Communiqué vum Kulturministère / Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten