D'Formatioun vun der Regierung 2018

15. Oktober: Demissioun vun der aler Regierung an Nominatioun vun engem Informateur

De 15. Oktober, den Dag no de Wale vum 14. Oktober 2018, hu sech d'Membere vun der aler Regierung fir déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot zesummegesat.

No dëser Sëtzung gouf de Premierminister Xavier Bettel am groussherzogleche Palais vun H.K.A. dem Groussherzog an Audienz empfaangen. Wéi dat den Dag no de Chamberwalen üüblech ass, huet de Premierminister dem Staatschef de Récktrëtt vun der Regierung agereecht. H.K.A. de Groussherzog huet d'Regierung awer gebieden, bis zur Formatioun vun enger neier Regierung am Amt ze bleiwen, an huet se beoptraagt, déi lafend Ugeleeënheete weiderzeféieren.

No der Audienz mam Premierminister Xavier Bettel huet H.K.A. de Groussherzog noeneen de President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, de President vum Staatsrot Georges Wivenes, souwéi d'Presidente vun de politesche Parteien, déi eng Lëscht an de véier Walbezierker presentéiert haten, fir Berodung an Audienz empfaangen.

No dësen Audienzen huet H.K.A. de Groussherzog de Procureur général d'État Martine Solovieff zum Informateur am Kader vun der Formatioun vun der neier Regierung ernannt.

16. Oktober: Nominatioun vun engem Formateur

De 16. Oktober huet d'Martine Solovieff dem Groussherzog e Rapport iwwert hir Entrevuë mat de Vertrieder vun de wichtegste politesche Parteien iwwerreecht. D'Demokratesch Partei (DP), d'Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) an déi gréng hunn hir Intentioun matgedeelt, fir mat Koalitiounsverhandlungen unzefänken.

Doropshin huet H.K.A de Groussherzog de Xavier Bettel an Audienz invitéiert fir hien zum Formateur ze ernennen.

17. Oktober: Ufank vun de Koalitiounsverhandlungen

Ab dem 17. Oktober koumen d'Delegatioune vun de Parteien DP, LSAP an déi gréng ënnert dem Virsëtz vum Formateur Xavier Bettel zesummen, fir mat de Koalitiounsverhandlungen unzefänken. Déi éischt Plenière fir d'Koalitiounsverhandlunge war de 17. Oktober am Hôtel des Terres rouges.

Bei dëser Geleeënheet hunn d'Presidente vun de Verhandlungsdelegatioune confirméiert, datt si en eestëmmegt Mandat vun de Féierungsorganer vun hirer respektiver Partei kruten, fir sech an de Koalitiounsverhandlunge fir d'Regierungsbildung z'engagéieren.

D'Funktioun vun der éischter Plenière war haaptsächlech den organisationelle Kader vun de Verhandlungen ze setzen. D'Negociateuren hu sech iwwert d'Formatioun vun 11 Aarbechtsgruppe gëeenegt:

  1. ëffentlech Finanzen, Besteierung, Entwécklung vun der Finanzplaz (an international Verwécklungen a Brexit);
  2. Wirtschaft, Aarbecht, Kompetitivitéit, Tourismus, Energie;
  3. Soziales, Famill, Gesondheet, Chancëgläichheet;
  4. Bildung, Sport, Kandheet, Jugend, Héichschoul a Fuerschung, Kultur;
  5. Staat, Institutiounen, Verwaltungsreform, Fonction publique, Dateschutz;
  6. nohalteg Entwécklung, Klima, Schutz vun de Ressourcen, Konsumenten, Landwirtschaft;
  7. Logement, Gemengen;
  8. international a grenziwwerschreidend Politik, Europa, Kooperatioun, Verteidegung, Integratioun, Immigratioun;
  9. Medien, Digitales, Digitaliséierung;
  10. Infrastruktur, Raumplanung, Mobilitéit;
  11. Justiz, bannenzeg Sécherheet.

22. Oktober: Zesummestellung vun den Delegatioune vun den 11 Aarbechtsgruppen

De Formateur huet d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert, datt déi weider Plenièrë fir d'Koalitiounsverhandlungen am Aussen- an Europaministère stattfanne wäerten. D'Reiefolleg vun de vum Formateur invitéierte Gespréichspartner war déi folgend:

23. Oktober:

  • Tresor
  • Finanzinspektioun
  • Enregistrement
  • Steierdirektioun
  • Douane
  • Steierverwaltung
  • Nationalen Institut fir Statistiken (Statec)
  • Aarbechtsinspektioun
  • Aarbechtsagence
  • Thema "Finanzplaz": Tresor, Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, Versécherungskommissariat

25. Oktober:

  • Generalinspektioun vun der Sozialversécherung
  • Gesondheetskeess
  • Pensiounsversécherungskeess
  • Waasserverwaltung
  • Ëmweltverwaltung
  • Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber (Union des entreprises luxembourgeoises - UEL)
  • Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL), Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB), Allgemengen Daachverband fir d'Fonction publique (CGFP)

26. Oktober:

  • Permanente Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der EU

14. November:

  • Lëtzebuerger Zentralbank (BCL)
  • Nationale Wirtschafts- a Finanzcomité

Déi folgend Reuniounen hunn de 16., 21., 22., 23., 28. an 29. November stattfonnt.

20. November: Stand vun de Koalitiounsverhandlunge

Während der Pressekonferenz vum 29. November hunn de Formateur Xavier Bettel an d'Cheffe vun den Delegatioune vun der DP, d'Corinne Cahen, der LSAP, den Étienne Schneider, a vun déi gréng, de Félix Braz, den aktuelle Stand vun de Koalitiounsverhandlunge presentéiert.

Déi concernéiert Parteie si sech iwwert déi folgend Opdeelung vun de Ministerressorte eens:

DP

Premierminister, Staatsminister

Minister fir Mëttelstand

Kommunikatiouns- a Medieminister

Kultusminister

Minister fir Digitaliséierung

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Minister fir Héichschoul a Fuerschung

Minister fir Famill an Integratioun

Finanzminister

Minister fir d'Fonction publique

Ministesch fir d'Groussregioun

Minister fir d'Verwaltungsreform

Minister fir Bezéiung zum Parlament

Minister fir Tourismus

LSAP

Vizepremierminister              

Aussen- an Europaminister

Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

Wirtschaftsminister

Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Minister fir Immigratioun an Asyl

Inneminister

Ministesch fir Konsumenteschutz

Gesondheetsminister

Minister fir sozial Sécherheet

Sportsminister

Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

déi gréng

Vizepremierminister

Minister fir Landesplanung

Kulturministesch

Verdeedegungsminister

Minister fir Energie

Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Justizminister

Wunnengsbauministesch

Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Minister fir bannenzeg Sécherheet

3. Dezember: Ënnerzeechnung vum Koalitiounsaccord

Den 3. Dezember, no der leschter Plenière, hunn de Formateur Xavier Bettel an d'Delegatiounscheffe Corinne Cahen, Étienne Schneider a Félix Braz de Koalitiounsaccord tëschent deenen dräi Parteie während engem Pressebriefing ënnerschriwwen.

4. Dezember: Accord vun deenen dräi Parteien

De 4. Dezember ass de Koalitiounsaccord souwéi d'Opdeelung vun de Ministerressortë vun den Organer vun der DP, der LSAP a vun déi gréng ugeholl ginn.

5. Dezember: Vereedegung vun der neier Regierung

H.K.A. de Groussherzog huet de 5. Dezember 2018 de Premierminister, d'Vizepremierministeren an déi designéiert Ministeren assermentéiert. Am Ufank vun der Zeremonie huet de Staatschef d'groussherzoglech Arrêtéen iwwert d'Formatioun vun der neier Regierung ënnerschriwwen. Duerno huet de Premierminister, an uschléissend och déi aner Regierungsmemberen hiren Eed geleescht, deen am Artikel 110 vun der Verfassung virgesinn ass: "Ech schwieren, dem Groussherzog trei ze bleiwen an d'Verfassung an d'Gesetz ze respektéieren. Ech versprieche, meng Funktioune mat Éierbarkeet, Genauegkeet an Onparteieschkeet ze erfëllen". (Original: "Je jure fidélité au Grand-Duc, obéissance à la Constitution et aux lois de l'État. Je promets de remplir mes fonctions avec intégrité, exactitude et impartialité".)

D'Regierungsmemberen an der festgeluechter Reiefolleg

Xavier Bettel

Premierminister, Staatsminister

Kommunikatiouns- a Medieminister

Kultusminister

Minister fir Digitaliséierung

Minister fir d'Verwaltungsreform

Étienne Schneider

Vizepremierminister

Wirtschaftsminister

Gesondheetsminister

Félix Braz

Vizepremierminister

Justizminister

Jean Asselborn

Aussen- an Europaminister

Minister fir Immigratioun an Asyl

Romain Schneider

Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Minister fir sozial Sécherheet

François Bausch

Verdeedegungsminister

Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Minister fir bannenzeg Sécherheet

Pierre Gramegna
Finanzminister
Dan Kersch

Sportsminister

Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Claude Meisch

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Minister fir Héichschoul a Fuerschung

Corinne Cahen

Ministesch fir Famill an Integratioun

Ministesch fir d'Groussregioun

Carole Dieschbourg
Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
Marc Hansen

Minister fir d'Fonction publique

Minister fir Bezéiung zum Parlament

Delegéierte Minister fir Digitaliséierung

Delegéierte Minister fir d'Verwaltungsreform

Claude Turmes

Minister fir Energie

Minister fir Landesplanung

Paulette Lenert

Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

Ministesch fir Konsumenteschutz

Sam Tanson

Kulturministesch

Wunnengsbauministesch

Taina Bofferding

Inneministesch

Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Lex Delles

Minister fir Mëttelstand

Minister fir Tourismus 

11. Dezember: Presentatioun vum Regierungsprogramm 

Den 11. Dezember huet de Premierminister Xavier Bettel de Regierungsprogramm an der Chamber presentéiert. Den Debat iwwert de Regierungsprogramm war den 12. Dezember 2018 an der Chamber.

Regierungsëmbildung vum 11. Oktober 2019

De Félix Braz trëtt aus gesondheetleche Grënn aus der Regierung zréck. Den Henri Kox trëtt der Regierung bäi. Hie gëtt Wunnengsbauminister, delegéierte Minister fir Verdeedegung an delegéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet. De François Bausch, Verdeedegungsminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Minister fir bannenzeg Sécherheet gëtt zum Vizepremierminister ernannt a behält seng aner ministeriell Kompetenze bäi. D'Sam Tanson gëtt Justizministesch a behält hir Zoustännegkeet fir d'Kultur. 

Regierungsëmbildung vum 4. Februar 2020

Den Étienne Schneider trëtt aus der Regierung zréck. De Franz Fayot trëtt der Regierung bäi. Hie gëtt Wirtschaftsminister a Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten. Den Dan Kersch gëtt zum Vizepremierminister ernannt a behält seng aner ministeriell Kompetenze bäi. D'Paulette Lenert gëtt Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet a behält hir Zoustännegkeet fir de Konsumenteschutz. 

Regierungsëmbildung vum 23. Juli 2020

Déi ministeriell Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet gi follgendermoossen opgedeelt: de François Bausch, Vizepremierminister, behält seng Zoustännegkeet fir d'Mobilitéit an d'ëffentlech Aarbechten an déi vun der Verdeedegung, an den Henri Kox iwwerhëlt elo ganz de Ressort bannenzeg Sécherheet, nieft dem Wunnengsbau.

Regierungsëmbildung vum 5. Januar 2022

Den Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna verloossen d'Regierung. De Claude Haagen, Georges Engel an d'Yuriko Backes trieden der Regierung bäi. De Claude Haagen gëtt Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Minister fir sozial Sécherheet. De Georges Engel gëtt Sportsminister a Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft. D'Yuriko Backes gëtt Finanzministesch. D'Paulette Lenert gëtt zur Vizepremierministesch ernannt a behält hir Ressorten als Ministesch fir Konsumenteschutz, Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet.

Regierungsëmbildung vum 22. Abrëll 2022

D'Carole Dieschbourg trëtt op eegen Ufro aus der Regierung zeréck. Déi ministeriell Kompetenze vum Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ginn temporär un de Claude Turmes iwwerdroen.

Regierungsëmbildung vum 29. Abrëll 2022

Joëlle Welfring trëtt der Regierung bäi. Sie gëtt Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung.

Regierungsëmbildung vum 15. Juni 2023

D'Corinne Cahen trëtt op eegen Wonsch aus der Regierung aus. D'Ministeschverantwortung vum Famillje- an Integratiounsminister a fir d'Groussregioun ginn un de Max Hahn iwwerdroen.

Aktualitéiten a Referenzdokumenter

 

Aktualiséiert