-
Nationalfeierdag 2022
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Pressekonferenz vum Lex Delles, Franz Fayot a Georges Engel iwwert déi aktuell Situatioun an déi zukünfteg Konditioune fir d'Hëllefen fir kleng a mëttel Betriber (PME) a vum Chômage partiel
D'Ministere Delles, Fayot an Engel hunn op enger Pressekonferenz de Point iwwert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel gemach an d'Konditioune vun der Applikatioun an den nächste Méint presentéiert.
-
Pressebriefing iwwert d'Verstäerkung vun den Hëllefsmesurë fir Entreprisen, déi vun der COVID-19-Pandemie betraff sinn
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.
-
Pressekonferenz: de Lex Delles, Franz Fayot an d'Sam Tanson presentéiere Mesuren zur Konjunkturënnerstëtzung
De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Franz Fayot, Wirtschaftsminister, an d'Sam Tanson, Kulturministesch, presentéieren zousätzlech Mesuren zur konjunktureller Ënnerstëtzung vun deenen am stäerkste vun der COVID-19-Pandemie betraffe Secteuren.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2020 – Proklamatioun vun der Regierung
Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.
-
Presentatioun vum "Vëlosummer 2020"
De Minister fir Tourismus Lex Delles presentéiert de Vëlosummer 2020. D'Generaldirektioun fir Tourismus huet notamment eng Kaart mat Tour-Propositiounen ausgeschafft, op där och Entreprisen aus dem Horesca-Beräich an touristesch Attraktiounen ervirgehuewe ginn. Dobäi kënnt nach e speziellen Internetsite fir de "Vëlosummer 2020" esou wéi eng Publicitéitscampagne.
-
Presentatioun vun der Campagne "smile again"
De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Nationalfeierdag 2020
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt.
-
Pressekonferenz: Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promovéieren.
De Livestream fänkt géint 10 Auer un.
-
Pressekonferenz iwwert déi nei Hëllefsmesuren am Kader vum Mesurëpak "Neistart Lëtzebuerg"
Pressekonferenz am Livestream um 10:00 Auer vum Lex Delles a Franz Fayot iwwert de Mesurëpak "Neistart Lëtzebuerg" fir d'Relance vun der Lëtzebuerger Wirtschaft.
-
Nei Indemnitéit fir Fräiberuffler déi net zeréckbezuelt muss ginn
D'Lëtzebuerger Regierung huet decidéiert den Ënnerstetzungsmechanismus fir Fräiberuffler, déi vu finanzielle Konsequenze duerch d'COVID-19-Pandemie betraff sinn, ze verstäerken.
-
Nei Nout-Indemnitéite fir mikro a kleng Betriber
Den 22. Abrëll 2020, huet de Regierungsrot, op de Virschlag vum Minister fir Mëttelstand, Lex Delles, zwee Projete gestëmmt fir groussherzoglech Reglementer déi nei Mesurë virgesinn, fir mikro a kleng kommerziell an handwierklech Betriber finanziell z'ënnerstëtzen.
-
Lancement vum online Formulaire fir d'Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir Fräiberuffler am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu
Vum 14. Abrëll 2020 un, kënnen all déi betraffe Persounen d'Hëllef vun 2.500 Euro ufroen, an dat op Basis vum groussherzogleche Reglement vum 8. Abrëll 2020 iwwert d'Aféierung vun enger Nout-Indemnitéit fir Fräiberuffler am Kader vun der COVID-19-Pandemie.
-
Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir déi Fräiberuffler
D'Fräiberuffler spillen eng wichteg Roll fir d'Lëtzebuerger Ekonomie an och si si vun der Covid-19 Kris betraff. Fir se finanziell z'ënnerstëtzen, huet d'Regierung haut, op Virschlag vum Minister fir Mëttelstand Lex Delles, e Projet vun engem groussherzogleche Reglement gestëmmt, deen eng Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir d'Fräiberuffler aféiert.
- 1
- 2
- Lescht Säit