Nationale Commemoratiounsdag 2023

Den Nationale Commemoratiounsdag huet säin Ursprong an der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Deemools wollten d'Nazien ënnert anerem vun de Bierger wëssen, ob si jiddesch wieren an och wat hir Nationalitéit, Mammesprooch a "Rass” wier. D'Resistenz huet dozou opgeruff fir déi dräi lescht Froe mat "Lëtzebuergesch” ze beäntweren. Ganz vill Leit sinn där Opfuerderung nokomm mat dem Resultat, datt d'Vollekszielung annuléiert gouf.

Op dësem Dag gedenke mir traditionell dem Engagement vun der Resistenz am zweete Weltkrich, dem Schicksal vun den zwangsrekrutéierte Jongen a Meedercher an den ëmgesidelte Familljen, souwéi den Affer vun der Shoah. De leschten Deportatiounszuch mat jiddeschen Affer huet Lëtzebuerg virun 80 Joer a Richtung Konzentratiounscampe verlooss.

2023 gedenke mir awer och dem Asaz vu Lëtzebuerger Jongen a Resistenzler, deen zu der Bombardéierung vun der Rakéitefabréck vum Typ V1 a V2 zu Peenemünde an Däitschland bäigedroen huet. 1943 kommen och déi éischt Zwangsrekrutéiert a Krichsgefaangenschaft zu Tambow.

Dëst Joer war zousätzlech markéiert duerch den 100. Anniversaire vun der Aweiung vum Monument du Souvenir, eis all besser bekannt als "Gëlle Fra”. 1923 opgeriicht, ass dëst Monument mat der Zäit e staarkt Symbol vu Fräiheet, Engagement an Zesummenhalt fir eist Land ginn.

2023 ass de 70. Anniversaire vun der Armistice vum Koreakrich, an deem och Lëtzebuerger Zaldote gekämpft hunn. Dëst ass den éischten internationalen Asaz, un deem d'Arméi deelgeholl huet zënter der Befreiung duerch déi alliéiert Truppen. No den Erfarungen aus dem zweete Weltkrich war et fir d'Land e kloert Bekenntnis zu Fridden an internationaler Solidaritéit. Valeuren, fir déi mir eis och weiderhin asetzen.

Xavier BETTEL, Paulette LENERT, François BAUSCH,

Jean ASSELBORN, Claude MEISCH, Marc HANSEN,

Claude TURMES, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES,

Henri KOX, Franz FAYOT, Claude HAAGEN, Georges ENGEL,

Yuriko BACKES, Joëlle WELFRING, Max HAHN

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert