Biographie

De Luc Frieden ass de 16. September 1963 zu Esch-Uelzecht gebuer.

Studium an Ausbildung

Nom Ofschloss vun der Primärschoul a vum Lycée zu Lëtzebuerg, absolvéiert de Luc Frieden 1986 e Master am Wirtschaftsrecht op der Universitéit Paris I Panthéon-Sorbonne a Frankräich. Dat Joer drop féiert hie säi Studium op der Universitéit vu Cambridge (Queens' College) am Vereenegte Kinnekräich weider, wou hie mat engem Master of Comparative Law (LLM) ofschléisst. 1988 ergänzt hie säi Studium zousätzlech mat engem Master of Laws (LLM) vun der Harvard Law School an den USA.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Luc Frieden de 17. November 2023 vum Grand-Duc als Premierminister vereedegt. Hien ass un der Spëtzt vun der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV/EPP) an der Demokratescher Partei (DP/Renew Europe).

Aner politesch Funktiounen

Vun 1998 bis 2013 ass de Luc Frieden ënnert dem Premierminister Jean-Claude Juncker Regierungsmember a verschiddene Regierungen. En iwwerhëlt d'Funktioune vum Justizminister, Verdeedegungsminister, Minister fir Tresor, a Budget- a Finanzminister.

De Luc Frieden ass säit 1994 Member vun der CSV (EPP). Doriwwer eraus ass hie vun 1994 bis 1998 Deputéierten an der Chamber a Spëtzekandidat vun der CSV fir d'Chamberwalen 2023.

Beruffstätegkeet

Vun 1989 bis 1998 a vun 2016 bis 2023 ass de Luc Frieden als Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg agedroen.

2016 intervenéiert hien als Gaaschtprofesser fir Wirtschaftsrecht op der St. Galler Universitéit an der Schwäiz.

Vun 2016 bis 2023 ass de Luc Frieden President vum Verwaltungsrot vun der Banque Internationale à Luxembourg (BIL) S.A. a Member vum Verwaltungsrot vun der Bourse de Luxembourg. Nieft senge berufflechen Aktivitéite presidéiert de Luc Frieden och déi Lëtzebuerger Chambre de Commerce an d'Eurochambres, déi europäesch Federatioun vun den Handels- an Industriekummeren.

Aktualiséiert