Sexuell an emotional Gesondheet: Resultater vun der éischter nationaler Ëmfro zu Lëtzebuerg

D'Gesondheetsdirektioun huet d'Resultater vun der éischter nationaler Ëmfro iwwer d'sexuell an emotional Gesondheet presentéiert. D'Ëmfro gouf 2025 bei 2.371 Awunnerinnen an Awunner vu Lëtzebuerg, déi mindestens 18 Joer al waren, duerchgefouert. Si liwwert éischt national Donnéeën, déi et erlaben, d'Liewensrealitéit, d'Besoinen an d'Verhale vun der Bevëlkerung am Beräich vun der sexueller an emotionaler Gesondheet besser ze verstoen. Si ënnersträicht souwuel Fortschrëtter wéi och déi gréissten Erausfuerderungen, ënner anerem an de Beräicher vun der Preventioun vu sexuell iwwerdrobaren Infektiounen (STI), der Contraceptioun, der Awëllegung, der sexueller Gewalt an der Bekämpfung vun Diskriminatioun. D'Resultater wäerten dozou bäidroen, déi zukünfteg Mesurë vun der ëffentlecher Gesondheet an dësem Beräich geziilt auszebauen.

Sechs Haaptthemen

Bei de meeschte Befrote fënnt den éischte Geschlechtsverkéier tëscht 16 an 18 Joer statt

Déi meescht Befroten haten tëscht hirem 16. an 18. Gebuertsdag hiren éischte Geschlechtsverkéier. 85 % vun de Befroten hunn uginn, datt dësen zu deem Zäitpunkt gewënscht war.

Respekt virun de sexuellen Orientéierungen an de Geschlechtsidentitéiten: Weider Efforte géint Diskriminatioun néideg

D'Ëmfro weist, datt de respektvollen Ëmgang mat Diversitéit weiderhin eng gesellschaftlech Erausfuerderung bleift. Wärend déi grouss Majoritéit vun de Befroten sech als heterosexuell bezeechent, hunn 10 % eng aner sexuell Orientéierung uginn an 1 % eng Geschlechtsidentitéit, déi net de Kategorië Mann oder Fra entsprécht. Ausserdeem hunn 12 % vun de Befroten uginn, schonn negativ Bemierkungen, Froen oder Bewäertungen am Zesummenhang mat hirer Sexualitéit oder hirem Ausdrock vun hirer Geschlechtsidentitéit erlieft ze hunn.

Preventioun vu sexuell iwwerdrobaren Infektiounen: Schutzverhalen an Tester weider stäerken

15 % vun de Befroten hunn uginn, am Laf vun hirem Liewe schonn eng sexuell iwwerdrobar Infektioun gehat ze hunn. Déi meescht schätzen hiert Wëssen iwwer sexuell iwwerdrobar Infektiounen als gutt an: 84 % mengen, datt si iwwer dëst Thema gutt informéiert sinn. Trotzdeem besteet nach Verbesserungspotential beim Schutzverhalen. Bei den 18- bis 24-Järegen hunn nëmmen 39 % uginn, an de leschten zwielef Méint konsequent Schutz géint Infektioune bei all hire Sexualpartnerinnen a Sexualpartner benotzt ze hunn. Donieft hunn 31 % uginn, sech an dësem Zäitraum op sexuell iwwerdrobar Infektiounen teste gelooss ze hunn.

Empfängnisverhiddung a fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch

D'Ëmfro weist och, datt d'Empfängnisverhiddung scho beim éischte Geschlechtsverkéier eng wichteg Roll spillt: 68 % vun de Befroten hunn uginn, dobäi verhüt ze hunn. An de leschten zwielef Méint hunn 26 % e (männleche) Kondom benotzt an 17 % d'Antibabypëll. Obwuel 91 % sech als gutt iwwer d'Empfängnisverhiddung informéiert ugesinn, wëssen iwwer een Drëttel vun de Befrote (38 %) net, datt d'Empfängnisverhiddung elo gratis ass. Insgesamt hunn sech 89 % mat hirer Verhiddungsmethod zefridde gewisen.

D'Ëmfro weist och, datt 17 % vun de befrote Fraen am Laf vun hirem Liewen op d'mannst eemol e fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch haten.

Awëllegung a sexuell Gewalt: Besuergneserreegend Situatiounen a weiderhi verbreet Gewalt maachen en nohaltegen Asaz néideg

D'Resultater weisen, datt Verstéiss géint de Awëllegung weiderhin eng besuergneserreegend Realitéit sinn. 34 % vun de Befroten hunn uginn, schonn emol vun enger Partnerin oder engem Partner ënner Drock gesat ginn ze sinn, fir Geschlechtsverkéier ze hunn. Fraen a Persoune mat enger Behënnerung si besonnesch dacks dovu betraff. Ausserdeem hunn 31 % uginn, schonn ënner Drock vun enger Partnerin oder engem Partner ongewollte Geschlechtsverkéier gehat ze hunn.

D'Ëmfro weist och, datt vun de Persounen, déi uginn hunn, Affer vun enger Vergewaltegung gewiescht ze sinn, 60 % mat enger Vertrauenspersoun doriwwer geschwat hunn, wärend 15 % eng Plainte gemaach hunn.

Bildung am Beräich vun der sexueller an emotionaler Gesondheet: E wichtegen Hiewel fir d'Preventioun

Vun de Persounen, déi hir ganz oder en Deel vun hirer Schoulzäit zu Lëtzebuerg absolvéiert hunn, hu 44 % uginn, Unterrecht am Beräich vun der sexueller an emotionaler Gesondheet kritt ze hunn. Dovu krute 27 % dësen Unterrecht just eemol am Laf vun hirer Schoulzäit. Vun deene Persounen, déi esou en Unterrecht haten, waren 49 % der Meenung, datt hir Froen nëmme wéineg oder deelweis beäntwert goufen (Bewäertung ≤ 4/10). Déi wichtegst Informatiounsquelle sinn haut Gesondheetsfachleit, besonnesch Gynekologinnen a Gynekologen souwéi Hausdokteschen an Hausdokteren.

"Dës Ëmfro gëtt eis e kloert Bild vun den Erwaardungen an der Liewensrealitéit vun der Bevëlkerung. D'Resultater bilden eng zolidd Grondlag, fir eis Mesuren auszebauen an eng sexuell an emotional Gesondheet ze fërderen, déi op Respekt an Awëllegung opbaut", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherhet.

Beispiller vu konkrete Mesuren

Et goufe schonn eng Rei Mesuren ëmgesat, fir déi sexuell a reproduktiv Rechter ze stäerken. Dozou gehéieren ënner anerem déi gratis Contraceptioun, déi konstitutionell Verankerung vun der Fräiheet, op e fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch zeréckzegräifen, souwéi d'Ofschafe vun der obligatorescher Bedenkzäit virun engem fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch.

Donieft gouf un der Entwécklung vun Educatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial geschafft, wéi zum Beispill "Let's Talk about Sex!". Ausserdeem gouf d'sexuell an emotional Gesondheet an den neie Léierplang vun der Grondschoul integréiert an d'Ënnerstëtzung fir Affer vu Gewalt iwwer de Centre national pour victimes de violences (CNVV) ausgebaut, dee 24 Stonnen den Dag a 7 Deeg an der Woch Hëllef ubitt.

D'Resultater vun der Ëmfro goufen um Dag "Sexuell an emotional Gesondheet: Vernetzung a Presentatioun vun der éischter nationaler Ëmfro" virgestallt. D'Veranstaltung gouf zesumme mam Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle (Cesas) organiséiert.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet 

Regierungsmember

DEPREZ Martine

Event Datum

06.07.2026