Lancement vum Pilotprojet "Out of Hospital" fir eeler Persounen no engem Openthalt am Spidol ze begleeden

De Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, an d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez, hunn de Pilotprojet "Out of Hospital" virgestallt. Zil vun dëser Initiativ ass et, eeler Leit no engem Openthalt am Spidol besser ze begleeden.

(v.l.n.r.) Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil ; Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet - (v.l.n.r.) Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil ; Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet
© MFSVA

Dës nei Offer ass fir eeler Leit geduecht, deenen hire Gesondheetszoustand no engem Openthalt am Spidol stabil ass, déi awer nach net direkt nees kënnen heemgoen oder bei deenen nach muss ofgekläert ginn, wéi eng Wunnform am beschten hirer Situatioun entsprécht. Mat dësem Projet kréie si e séchert an encadréiert Ëmfeld an engem Seniorenheem gebueden, an deem si nees méi selbstänneg kënne ginn a sech drop virbereeden, nees heemzegoen oder, wann néideg, an e Seniorenheem ze goen.

"Mam Projet "Out of Hospital" wëlle mir eelere Persounen déi néideg Zäit an den néidegen Encadrement bidden, fir sech a gudde Conditiounen kënnen ze erhuelen a fundéiert Decisioune fir hir Zukunft ze treffen. Eng Hospitalisatioun kann am Alldag vun enger eelerer Persoun e gravéierenden Aschnëtt bedeiten. Dofir ass et wichteg hinnen déi néideg Zäit a Mëttel ze ginn, fir déi nächst Etappe virzebereeden, an dat alles ouni Zäitdrock an an engem adaptéierten Ëmfeld", esou de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.

"D'Gesondheet hält net bei der Dier vum Spidol op. Mir sinn dofir verantwortlech, fir all Patient eng kontinuéierelch Prise en charge ze garantéieren, och wann eng Hospitalisatioun net méi néideg ass, mee déi betraffe Persoun trotzdeem nach net heemgoe kann. Mat "Out of Hospital" entwéckele mir eise System a Richtung vun enger méi integréierter a flexibeler Prise en charge weider, bei där d'Bedürfnisser vum Patient am Mëttelpunkt stinn", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

De Pilotprojet soll tëscht 2026 an 2029 ëmgesat an uschléissend evaluéiert ginn. E berout op enger enker Zesummenaarbecht tëscht de Fleegestrukture fir eeler Leit, de Spideeler an den zoustännegen ëffentlechen Autoritéiten. Vum 1. Oktober 2026 u stinn an enger éischter Phas 36 Plazen a véier Etablissementer uechtert d'Land zur Verfügung.

Bis elo goufen néng Dossiere vu siwe Gestionnaire vu Seniorenheemer fir insgesamt 66 Better agereecht. Weider Demandë kënne wärend der gesamter Lafzäit vum Projet agereecht ginn, fir un der Initiativ deelzehuelen.

Eng Iwwergangsphas tëscht dem Spidol an Doheem

Den Openthalt am Kader vun dësem Projet ass op 8 Woche begrenzt, mee ka bis op 12 Woche verlängert ginn. D'Strukturen, déi un dësem Projet deelhuelen, mussen iwwer eng dediéiert Unitéit mat mindestens sechs Better verfügen an eng Kooperatiounskonventioun mat engem Spidol ofschléissen, fir eng kontinuéierlech medezinesch Betreiung a Begleedung vun den betraffene Persounen ze garantéieren.

Dëse Projet huet verschidden Ziler:

  • d'Prise en charge vun eelere Persounen no engem Openthalt am Spidol ze verbesseren;
  • verhënneren, datt et zu enger vermeidbarer zousätzlecher Hospitalisatioun kënnt;
  • d'Admissioun an e Seniorenheem besser virbereeden;
  • d'Zesummenaarbecht tëscht dem Spidolssecteur, dem sozialmedezinesche Beräich an der Fleeg doheem stäerken.

De Familljeministère finanzéiert dëse Projet fir den Zäitraum 2026-2029 mat järlechen 3,2 Milliounen Euro. E Comité de pilotage interinstitutionnel soll d'Ëmsetzung vum Projet unhand vu spezifeschen Indicateure begleeden. Domadder kënnen déi reell Besoinen an de Profil vun de Beneficiairen ermëttelt an d'Käschten an Avantagë vum Modell evaluéiert ginn.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil a vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet