Biographie

D'Martine Hansen ass den 10. Dezember 1965 zu Wolz gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Secondairesstudium am Lycée classique zu Dikrech, studéiert d'Martine Hansen Agrarwëssenschaften op der Universitéit vu Stuttgart-Hohenheim, wou si en Diplom als Agraringenieurin mat enger Spezialisatioun an de Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften vun der Landwirtschaft kritt. D'Martine Hansen schléisst e weidert Universitéitsstudium mat engem Master am Schoulmanagement op der Universitéit Kaiserslautern of.

Regierungsfunktiounen

Vun Abrëll bis Dezember 2013 ass d'Martine Hansen Ministesch fir Héichschoul a Fuerschung an der Regierung Juncker-Asselborn II. No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt d'Martine Hansen de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zur Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an zur Ministesch fir Konsumenteschutz ernannt.

Aner politesch Funktiounen

De 5. Dezember 2013 gëtt d'Martine Hansen Member vun der Chamber a gëtt bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 nach eng Kéier gewielt. Am Dezember 2018 gëtt si déi éischt Fra un der Spëtzt vun der CSV Fraktioun. Ab 2021 deelt si sech dës Presidence zesumme mam Gilles Roth bis zu hirem Bäitrëtt an d'Regierung.

Beruffstätegkeet

Vun 1993 bis 2006 ass d'Martine Hansen Professer-Ingenieur am Lycée technique agricole zu Ettelbréck an ass duerno Direktesch vun dëser Schoul vun 2006 bis 2013.

Aktualiséiert