D’Martine Hansen war op Aarbechts-Visitt bei Amazon

D’Ministesch fir Konsumenteschutz war op Aarbechts-Visitt bei Amazon fir iwwert de Konsumenteschutz ze diskutéieren.

D’Ministesch fir Konsumenteschutz war op Aarbechts-Visitt bei Amazon fir ee konstruktiv Gespréich mat enger Delegatioun, ë. a. mam Här Jorrit Van der Meulen, Vice President European Retail bei Amazon. An enger seriöser awer kollegialer Ambiance goufen Diskussioune ronderëm Theme d'Mesure vun Amazon a Saaachen Konsumenteschutz, d'Politik vun de Réckgaben oder och nach den Affichage vun de Präisser gefouert.

Déi zwou Parteie waren sech eens, fir weiderhin een oppenen a konstruktiven Dialog ronderëm de Konsumenteschutz ze féieren.

Um Enn vun der Reunioun hat d’Ministesch nach d’Geleeënheet fir sech mat engem klenge Grupp vu Mataarbechter vun Amazon iwwert Theme wéi d’Inklusioun an d’Gläichstellung vun de Geschlechter auszetauschen.

  1. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Austausch tëschent Amazon an der Direktioun fir Konsumenteschutz
  2. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    vlnr : Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz ; Jorrit Van der Meulen, Vice President European Retail bei Amazon
  3. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Gruppefoto mat Mataarbechter vun Amazon
  4. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Aarbechts-Visitt bei Amazon

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, am Gespréich mat Mataarbechter vun Amazon

Aktualiséiert