Aktuell Funktiounen
- Ministesch fir Digitaliséierung
- Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul
Biographie
D'Stéphanie Obertin ass den 13. Mee 1974 zu Lëtzebuerg gebuer.
No hirem Mathematik-Ofschloss am Lycée Michel Rodange, studéiert d'Stéphanie Obertin allgemeng Medezin op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg, dono op der Universitéit Henri Poincaré zu Nanzeg. 2006 schléisst si hiren Dokterdiplom an der Medezin of, mat enger Qualifikatioun an der allgemenger Medezin.
Neisten Noriichten
-
Nationalfeierdag 2026
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse souwéi d'Membere vun der Regierung den 22. an 23. Juni 2026 un de Festlechkeeten zu Déifferdeng an an der Stad Lëtzebuerg deel.
-
MyGuichet.lu zentraliséiert elo Gemengerechnungen
Alldeeglech administrativ Demarchë vereinfachen: dat ass d'Zil vun der neier Fonctionnalitéit, déi op der gesécherter Plattform MyGuichet.lu lancéiert gouf.
-
Trilateraalt Treffen iwwer Kënschtlech Intelligenz
Den 12. Mäerz huet d’Regierung en trilateraalt Treffen organiséiert, bei deem Vertrieder vun de Salariéen, de Beamten, an den Entreprisen zesummekomm sinn, fir gemeinsam Froen am Zesummenhang mat der Kënschtlecher Intelligenz (KI) unzegoen.