Biographie

De Xavier Bettel ass den 3. Mäerz 1973 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

Nom Secondaire geet de Xavier Bettel op d'Universitéit zu Nanzeg studéieren, wou hien eng Maîtrise am ëffentlechen an europäeschen Droit mécht.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gëtt de Xavier Bettel de 4. Dezember 2013 zum Premierminister, Staatsminister, Kommunikatiouns- a Medieminister a Kultusminister an der Koalitiounsregierung aus Demokratescher Partei (DP), Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) an déi gréng ernannt. Nom Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel aus der Regierung gëtt de Xavier Bettel den 18. Dezember 2015 dann zum Kulturminister ernannt.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt de Xavier Bettel de 5. Dezember 2018 zum Premierminister, Staatsminister, Kommunikatiouns- a Medieminister, Kultusminister, Minister fir Digitaliséierung a Minister fir d'Verwaltungsreform an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Xavier Bettel de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel a Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Member vun der DP säit 1989, gëtt de Xavier Bettel 1999, am Alter vu 26 Joer, als DP-Kandidat fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. 2004, 2009 an 2013 gëtt hien erëmgewielt. Am Parlament iwwerhëlt hien ënner anerem d'Funktioune vum Vizepresident vun der Justizkommissioun vun 2004 bis 2013 a vum Vizepresident vun der Enquêtëkommissioun zum staatlechen Noriichtendéngscht (SREL) vun 2012 bis 2013. Vun 2009 bis 2011 ass hie President vun der DP-Fraktioun.

Op regionalem Niveau ass de Xavier Bettel fir d'éischt Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg vun 2000 bis 2005 an da Schäffe vun 2005 bis 2011. No de Gemengewale vun 2011 gëtt hie Buergermeeschter; e Posten op deem hie bis zu senger Nominatioun als Premierminister, am Dezember 2013, bleift.

Vu Januar 2013 bis November 2015 ass de Xavier Bettel President vun der DP.

Beruffstätegkeet

Vun 2001 bis 2013 ass de Xavier Bettel Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg.

Aktualiséiert