Biographie

D'Yuriko Backes ass den 22. Dezember 1970 zu Kobe, Japan, gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem internationale Premièresdiplom, dee si 1989 op der Canadian Academy International School zu Kobe kritt, absolvéiert d'Yuriko Backes 1992 e Bachelor an internationale Bezéiungen op der London School of Economics and Political Science. Dono féiert si hir Universitéitsstudien op der School of Oriental and African Studies zu London weider a kritt 1993 hire Master a Japanstudien. 1994 schléisst d'Yuriko Backes hiren akademesche Parcours mat engem Master am Beräich europäesch Politik- a Verwaltungsstudien am Collège d’Europe zu Bruges of.

Regierungsfunktiounen

De 5. Januar 2022 trëtt d'Yuriko Backes als Finanzministesch an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an.

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt d'Yuriko Backes de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zur Verdeedegungsministesch, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit ernannt.

Beruffstätegkeet

Hir berufflech Karriär fänkt d'Yuriko Backes 1994 als Chargée de mission am Ausseministère un a besetzt dono verschidde Posten, dorënner och bei der stänneger Lëtzebuerger Vertriedung bei de Vereenten Natiounen zu New York, bei der stänneger Lëtzebuerger Vertriedung bei der Westeuropäescher Unioun zu Bréissel a bei der Lëtzebuerger Ambassade a Japan.

Als Attachée an der Direktioun vun den internationale wirtschaftleche Bezéiungen an europäeschen Affäre beim Lëtzebuerger Ausseministère gëtt si 2001 als Staatsbeamtin vereedegt.

Doropshi gëtt si als Beruffsdiplomatin vun 2001 bis 2006 op déi stänneg Lëtzebuerger Vertriedung bei der Europäescher Unioun op Bréissel detachéiert.

Hir diplomatesch Karriär féiert si tëschent 2006 an 2008 als Chef de mission adjointe bei der Lëtzebuerger Ambassade a Japan weider. Tëschent 2008 an 2010 ass si Directrice adjointe vun der Direktioun vun den internationale wirtschaftleche Bezéiunge beim Lëtzebuerger Ausseministère.

Vun 2010 bis 2016 ass d'Yuriko Backes diplomatesch Beroderin a Sherpa vun de Lëtzebuerger Premierministere Jean-Claude Juncker a Xavier Bettel.

Vun 2016 an 2020 ass si Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Vu Juni 2020 a bis zu hirem Bäitrëtt an d'Regierung als Finanzministesch ass si Hofmarschallin vum groussherzoglechen Haff.

Aktualiséiert