Léiert de CTIE op der 33. Studentefoire kennen

De 7. an 8. November 2019 huet den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) e Stand op der 33. Studentefoire an de Raimlechkeete vun der Luxexpo (Entrée Sud) um Kierchbierg. Schüler a Studente kënne sech um Stand 2B05 iwwer d'Carrièresperspektiven informéieren, déi et fir déi vilfälteg Missiounen an Zoustännegkeete vun dëser Verwaltung gëtt.

Mat enger Ekipp vun iwwer 500 Mataarbechter ass de CTIE den IT-Déngschtleeschter vun der ëffentlecher Verwaltung an en zentralen Acteur vum eGovernment. D'Perspektiven an d'Méiglechkeete fir Jonker, déi Studien am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien (TIC) gemaach hunn, sinn effektiv ganz héich an d'Besoinen un héich qualifizéierten a motivéierte Mataarbechter, déi och gären am Déngscht vum Bierger stinn, ginn ëmmer nach stänneg erop, dank der progressiver Digitalisatioun vun der ëffentlecher Verwaltung.

Eng Ekipp vu Guichet.lu, engem Service vum CTIE, ass och op der Foire um Stand vum CEDIES (Centre de documentation et d'information sur l'enseignement supérieur) vertrueden, wou déi zukünfteg Studenten iwwer d'online Ufro fir eng staatlech Bäihëllef fir Héichschoulstudien, iwwer MyGuichet.lu, informéiert ginn. Dës Ateliere ginn iwwer déi 2 Deeg ofgehal, zu folgenden Auerzäiten:

  • Donneschdeg 7.11.2019: 11.00, 11.30, 12.00 an 12.30 Auer
  • Freideg 8.11.2019: 11.00, 11.30, 12.00 an 12.30 Auer

Aktualiséiert