Politesche System

Lëtzebuerg ass säit dem Londoner Vertrag vum 19. Abrëll 1839 e souveränen an onofhängege Staat. Lëtzebuerg ass eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie. D'Kroun vum Grand-Duché ass innerhalb vun der Famill Nassau-Weilbourg ierflech. Lëtzebuerg ass ausserdeem ganz besonnesch: et ass deen eenzege Grand-Duché weltwäit.

1919 stellen d'Ännerung vun der Verfassung an d'Aféierung vum allgemenge Walrecht en Aschnëtt am politesche Liewe vu Lëtzebuerg duer. Do virdrun ënnerlouch d'Walrecht dem Zensus, d. h. engem bestëmmte bezuelte Steierbetrag, a war op d'männlech Bevëlkerung ab dem Alter vu mindestens 25 Joer beschränkt. Ab der Verfassungsännerung vun 1919 huet all Biergerin an all Bierger vun 21 Joer d'Walrecht zougesprach kritt. 1972 gouf de Walalter op 18 Joer erofgesat.

Lëtzebuerg ass en demokratesche Staat. Der Verfassung no geet d'Staatsgewalt vum Vollek aus, an de Grand-Duc leet am Kader vu senger Trounbesteigung de konstitutionellen Eed virun de Vertrieder vum Vollek of.

D'Vollek üübt seng Souveränitéit indirekt iwwer seng Vertrieder, d. h. seng an d'Chamber, d'lëtzebuergescht Parlament, gewielte Mandatairen, aus.

Institutionell Landschaft

D'Institutioune vu Lëtzebuerg sinn dem Prinzip vun der Gewaltentrennung no organiséiert. Am lëtzebuergeschen institutionelle Kontext ass dës Trennung flexibel, well et ënner anerem tëschent dem exekutiven an dem legislative Pouvoir vill Relatioune ginn.

Legislative Pouvoir

De legislative Pouvoir gëtt vun der Chamber ausgeüübt. D'Chamber stëmmt d'Gesetzer am Aklang mat de prozedurale Virschrëften, déi an der Verfassung virgesinn a vun hirer Geschäftsuerdnung präziséiert ginn. Si deelt dat legislatiivt Initiativrecht mat der Regierung.

Exekutive Pouvoir

De Groussherzog ass de Staatschef. Der Verfassung no ass de Grand-Duc de Chef vum exekutive Pouvoir. An dësem Sënn garantéiert hien d'Ausféierung vun de Gesetzer, andeems hien déi noutwenneg Reglementer festleet.

An der Praxis gëtt dës Aufgab allerdéngs vun der Regierung ausgefouert, déi déi noutwenneg Decisiounen an Initiativen trëfft bzw. ergräift.

Ausserdeem representéiert de Grand-Duc d'Land op internationalem Niveau.

Geriichtleche Pouvoir

Laut Verfassung opläit d'Ausübung vun der Geriichtsgewalt de Geriichtshäff a Geriichter. Si sinn an der Ausübung vun hire Funktiounen onofhängeg. Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Geriichtsbarkeeten:

  • eng uerdentlech Geriichtsbarkeet, déi iwwert zivil- a strofrechtlech Sträitfäll a Kontestatioune vu politesche Grondrechter erkennt;
  • eng Verwaltungsgeriichtsbarkeet, déi iwwert verwaltungsrechtlech Sträitfäll entscheet.

E Verfassungsgeriicht statuéiert iwwert d'Verfassungskonformitéit vun de Gesetzer.

Verfassung a Gesetzer

Déi éischt Verfassung vu Lëtzebuerg gouf 1841, zwee Joer no der Onofhängegkeet vum Land am Joer 1839, geschriwwen. Déi aktuell Verfassung geet op de 17. Oktober 1868 zeréck, gouf awer säit deem schonn e puer mol iwwerschafft.

D'Verfassung ass déi iewescht Norm vum Staat. Si enthält d'Grondrechter an d'Grondprinzippie vun der Funktiounsweis vum Staat.

D'Gesetz ass eng Rechtsnorm, déi vum legislative Pouvoir adoptéiert gëtt an no hirer Verkënnegung duerch de Grand-Duc a Verëffentlechung am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg fir all d'Bierger gëllt.

Wärend d'Verfassung méi rigid an hir Iwwerschaffungsprozedur méi opwändeg ass, ginn d'Gesetzer méi dacks geännert. E Gesetz kann nëmmen duerch en anert Gesetz geännert ginn. De Staatsrot ka sengersäits d'Regierung op d'Zweckméissegkeet vun neie Gesetzer oder Reglementer bzw. Ännerunge vu bestoende Gesetzer a Reglementer, déi misste gemaach ginn, opmierksam maachen.

D'Gesetzesinitiativ kann entweder vun der Chamber, vun der Regierung oder vun der Wielerschaft ausgoen. Am éischte Fall schwätzt ee vum parlamentareschen Initiativrecht a vu Gesetzespropositiounen, am zweete Fall handelt et sech ëm d'Initiativrecht vun der Regierung a Gesetzesprojeten; am drëtte Fall ass et eng "motivéiert Propositioun fir ze legiferéieren", déi vun honnertzwanzeg Wieler virgestallt a vu mindestens zwielefdausendfënnefhonnert Wieler ënnerstëtzt muss ginn.

Aktualiséiert