Neiegkeeten
Luxembourg.lu – den Internetportal vu Lëtzebuerg iwwerhëlt déi gemeinsam Signatur vum Land
De 5. Dezember goufen de Luxembourg.lu, offiziellen Internetportal vu Lëtzebuerg, an den Inspiringluxembourg zesummegeluecht. Gläichzäiteg huet de Luxembourg.lu déi gemeinsam Signatur vum Land iwwerholl a profitéiert vun neie Funktionalitéiten.
Commemoratioun zum 75. Anniversaire vun der Ardennenschluecht - Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet
D'Regierung invitéiert all interesséiert Persounen, fir un der Commemoratioun deelzehuelen, déi de 16. Dezember 2019 um 15:30 Auer um amerikanesche Kierfecht zu Hamm ofgehale gëtt. Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen entspriechend der Reiefolleg vun der Aschreiwung verdeelt.
E wichtege Schratt a Richtung Inklusioun: Guichet.lu elo och an einfacher Sprooch
Sou wéi den 19. November vum Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, ugekënnegt, goufen um Informatiounsportal Guichet.lu déi éischt Texter online op einfacher Sprooch verëffentlecht. Dës Sprooch adresséiert sech an éischter Linn u Persoune mat enger geeschteger Behënnerung a Persoune mat enger Lies- oder Schreifschwächt.

Onlineconsultatioun iwwert den Alldag an der Gemeng
Am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz, huet d'Inneministesch Taina Bofferding am Juli 2019 en Participatiounsprozess an d'Liewe geruff. An enger éischter Phas, hunn d'RepresentantInnen aus dem Gemengesecteur u 6 Regionalforen deelgeholl déi am ganze Land stattfonnt hunn,

Ried vum Romain Schneider am Kader vum 75. Anniversaire vun der "Centrale paysanne"
Am Kader vum 75. Anniversaire vum vun der "Centrale paysanne" huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Romain Schneider, folgend Ried am Mierscher Kulturhaus gehalen.

Lëtzebuerg ass Éieregaascht um Marchée de la poésie 2021 zu Paräis
De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.