Dossieren

  • Filter  ( Minister, Ministèren, usw.) ×
    Filtrer les résultats
    Entrez une période
  • 16 Resultater

Choix vun der Redaktioun

  1. No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 hunn d'Parteien DP, LSAP an déi gréng mat de Koalitiounsverhandlungen ugefaangen. D'Resultat vun dëse Verhandlungen war d'Formatioun vun der Regierung 2018. Dësen Dossier behandelt d'Haaptetappe bis zur Vereedegung vun der Regierung, de 5. Dezember 2018.

  2. An der Sëtzung vum 31. Juli 2015 huet de Regierungsrot e Gesetzprojet iwwer d’Organisatioun vum Zivilschutz an d’Schafe vun engem groussherzogleche Feier- a Rettungscorps ugeholl. Dësen Dossier stellt d’Detailer vun der Reform vun de Rettungsdéngschter vir an zeechent déi ënnerschiddlech Etappe vun der Reform no.

  3. Lëtzebuerg, e méisproochegt a multikulturellt Land, erkennt dräi offizell Sproochen un, dorënner an éischter Linn d’Lëtzebuergescht als Landessprooch. Dësen Dossier befaasst sech mat der Regierungsstrategie fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch a stellt déi festgelueten Ziler, konkret Engagementer a Mëttele fir d’Ëmsetzung vir.

  4. Digital Luxembourg, gegrënnt 2014, ass eng multidisziplinär Initiative vun der Regierung an Zesummenaarbecht vun ëffentlechen, privaten an akademeschen Acteuren mam Zil, Digitalisatioun fir eng positiv Transformatioun ze notzen.

  5. D’Benelux-Unioun besteet aus dem Kinnekräich Belsch, dem hollännesche Kinnekräich an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Zil vun der 1944 gegrënnter Unioun ass eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht den dräi Länner. Déi ufanks virrangeg wirtschaftlech Unioun konzentréiert sech haut op dräi Schwéierpunkten: Bannemaart an Wirtschaft, Sécherheet a Gesellschaft souwéi nohalteg an digital Zesummenaarbecht.

  6. De lëtzebuergesche Protokoll gesäit dräi Forme vu Visitte vir: Staatsvisitten, offiziell Visitten an Aarbechtsvisitten. Dësen Dossier stellt déi ënnerschiddlech Zorte vu Visitte vir, beschreift d’Modalitéite vum Oflaf a gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Visitte vun de leschte Joren.

  7. Am Hibléck op déi aktuell Migratiounskris stëtzt sech d'Empfangs- an Integratiounspolitik vun der Regierung op dräi Sailen: Opnam an Ënnerbréngung, Bildung a Gesondheet. Eng responsabel a solidaresch Migratiounspolitik, déi all Aspekter vun der Kris a Betruecht zitt, ziilt op d’Garantie vun engem ugepassten Encadrement an enger adequater Betreiung fir all Flüchtling hin, deen zu Lëtzebuerg ukënnt.

  8. Am Kader vun der Ëmsetzung vun de Reformen a Bezuch op de Statut vun de Gemengebeamten, d‘Gehälter a Carrièren am ëffentlechen Déngscht bei de Gemengen, huet den Inneministère am Mäerz 2017 véier Informatiounssëtzungen fir d’Gemengenautoritéiten an d’Gemengepersonal organiséiert.

  9. D'Chamber huet de 6. Juni 2018 dat neit Déiereschutzgesetz unanime gestëmmt. Dat aalt Gesetz vum 15. Mäerz 1983 war an enger Gesellschaft, déi sech am stännege Wandel befënnt an an där sech d'Astellunge vun de Mënschen den Déiere géigeniwwer konsequent verännert hunn, net méi relevant.

  10. Beim Europäesche Rot am Juni 2000 erreechen d'Memberstaaten de Konsens, dass den Austausch vun Informatiounen tëschent de Steierverwaltungen dat héchst Zil vun der EU muss sinn. D'Finanzkris vun 2008 stäerkt d'Beweegung fir méi Steiertransparenz. Dësen Dossier stellt d'Efforte vir, déi Lëtzebuerg gemaach huet, fir säin Netz u Steierkonventiounen un den internationale Standard unzepassen.

  11. Les sanctions financières sont des mesures restrictives prises à l’encontre de personnes ou d'entités dans le but de mettre un terme à certains comportements délictueux. Au Luxembourg, le ministère des Finances est compétent pour traiter de toutes les questions et contestations relatives à l'exécution de ces interdictions et mesures restrictives.

  12. De Wirtschaftsministère féiert regelméisseg Promotiounsmissiounen am Ausland duerch, fir Lëtzebuerg als privilegéiert Geschäftsplaz ze fërderen. Dësen Dossier gëtt Hannergrondinformatiounen a Bezuch op d’Organisatioun vun dëse Missiounen.

  13. D'Open Data-Strategie vun der Regierung ziilt drop hin, fir ëffentlech Daten allgemeng zougänglech ze maachen an esou Eenzelpersounen, Entreprisen a Medien d'Méiglechkeet ze ginn, dës Date fir nëtzlech Zwecker ze verwäerten, ze kombinéieren oder ze deelen. D’Zil ass d’Schafe vun enger sozialer, wirtschaftlecher oder ekologescher Plus-value an d’Optimiséierung vun den ëffentleche Leeschtungen.

  14. D'Groussregioun regruppéiert d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, d'Saarland, Rheinland-Pfalz, Loutrengen, Wallounien an déi däitschsproocheg Communautéit vun der Belscht. Si huet iwwer 11,5 Milliounen Awunner a bilt den institutionelle Kader fir d’grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an esou ënnerschiddleche Beräicher wéi Mobilitéit, Erzéiung, Kultur, Tourismus, Gesellschaft, Wirtschaft oder Ëmwelt.

  15. Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. Hire Schwéierpunkt läit op geziilte Partnerschaften a si baséiert op Grondprinzipie wéi Zouverlässegkeet, Engagement a Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Geescht vun der nohalteger Entwécklung.

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit