Porte ouverte vun den Institutiounen

Samschdeg, den 22. Abrëll 2023, maachen eng ganz Partie Institutiounen a Ministèren zu Lëtzebuerg hir Diere vun 10 bis 18 Auer fir de Public op.

Profitéiert vun dëser Geleeënheet, fir Iech d'Gebaier méi genee unzekucken, a fir Iech iwwer d'Roll an de Fonctionnement vun deene verschiddenen ëffentlechen Acteuren ze informéieren.

All d'Gebaier sinn op d'mannst zum Deel accessibel fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Aus Sécherheetsgrënn biede mir Iech, Är Carte d'identité matzebréngen. Merci fir Äert Versteesdemech.

Dir kënnt och d'Héichhaus um Kierchbierg vun 13 bis 17 Auer besichen a vun der Panorama-Vue aus dem 22. Stack profitéieren. 

Aktualiséiert