Statut vum Gesetzesprojet N° 7044 iwwert d’Reform vun der IGP

Den 22. August 2016 goufen d’Gesetzesprojeten N° 7044 iwwert d’Reform vun der Generalinspektioun vun der Police (IGP), N° 7045 iwwert Policereform an N° 7040 iwwert den disziplinaresche Statut vum Policepersonal vun der groussherzoglecher Police an der Chamber deposéiert. 2017 goufen dunn d’Avise vun deenen eenzelen Beroodungsorganer an d’Observatioune vum Staatsrot zu de respektive Gesetzesprojeten analyséiert.

Am Moment ass de Ministère de la Sécurité intérieure, zesumme mat der IGP, am gaangen Amendementer fir den Text vum Gesetzesprojet iwwert d’Reform vun der IGP auszeschaffen, dat fir dem Staatsrot senge Bemierkungen vum 16. Januar 2018 Rechnung ze droen.

De Gesetzesprojet N° 7044 mat sengen neien Elementer, as eng fundamental Etapp  um Wee zu enger institutionaliséierter Kontroll vun der Police  dat nodeems d’Basis vun dësem Kontroll duerch d’Gesetz vum 31. Mee 1999 geluecht gouf.

Aktualiséiert