Autres

GRECO - Evaluatiounsrapport vun der Fënnefter Ronn iwwert Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass e Grënnungsland vum "Groupe d’États contre la corruption" (GRECO) vum "Conseil de l’Europe", deen 1999 an d'Liewe geruff ginn ass. De Grand-Duché huet bei der Eischter (Juni 2001), Zweeter (2004), Drëtter (Juni 2008) a bei der Véierter Evaluationsronn (Juni 2013) matgemaach. D'Evaluatiouns- an déi respektiv Konformitéitsrapporte sinn all um Site vum GRECO ze fannen.

Déi fënneft Evaluatiounsronn gouf den 1. Januar 2017 ageleet mam Ziel fir d‘ Effektivitéit vun de Mesuren ze iwwerpréiwen, déi d‘ Länner agefouert hunn fir d'Korruptioun ze verhënneren a fir d'Integritéit vun de Regierungen (vun den héige Fonctionnairen aus dem Exekutif) a vun de Policeservicer ze promouvéieren. Et geet dorëms eng Reflexioun iwwer Moyen ‘en an dëse Länner unzereegen, fir d'Transparenz, d'Integritéit an d'Responsabilitéit an der Fonction Publique ze verstäerken.

Am Kader vun hiren Aarbechten, war eng Evaluatiounsekipp vum GRECO vum 13. bis de 17. November hei zu Lëtzebuerg fir sech mat verschiddenen Acteuren auszetauschen. D'Äntwerte vu Lëtzebuerg op den Evaluatiounsfroebou goufen berücksichtegt, grad esou wéi zousätzlech Informatiounen, déi zum Beispill vun der Zivilgesellschaft geliwwert gi sinn.

De 27. Juni 2018 huet de GRECO säin Evaluatiounsrapport vun der Fënnefter Ronn iwwert Lëtzebuerg verëffentlecht. 

Am Rapport ënnersträicht de GRECO, dass Lëtzebuerg sech bei internationalen Enquêten iwwert Perceptioun vu Korruptioun traditionell gutt placéiert. An de Paragraphen 150 bis 157, an deenen iwwert d’Generalinspektioun vun der Police (IGP) riets geet, gëtt zréckbehalen, dass d'IGP eng relativ rezent Institutioun ass. Se wier e positiivt Element am Dispositif vun der Korruptiounsbekämpfung an der Police. Dem GRECO no geet d'Reform vun der IGP an déi gutt Richtung well se doduerch méi onofhängeg an effikass wäert ginn. Dëst ass och de Fall wat Ustellungskonditioune vum Generalinspekter uginn. Dëse Poste muss zënter 2015 vun engem Member besat ginn, den aus der Magistratur kënnt a net aus der Police. De GRECO begréisst och, dass de politesche Wëllen do ass, der Inspektioun hiert eegent Personal an hiren eegene Budget bereet ze stellen. 

Schlussendlech recommandéiert de GRECO, dass d ‘Mëttel vun der IGP parallel mat der Erweiderung vun hire Missiounen ausgebaut ginn esou dass si hier Aarbecht weider effizient ausféiere kann. Och sollen adäquat Ustellungsprozedure fir e qualifizéiert an integert Personal festgehale ginn, dat dann och deementspriechend forméiert gëtt.

 

 

Aktualiséiert