No Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier de neie Verwaltungsrot vun der Fondatioun Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean bekannt ze ginn. De neie Verwaltungsrot wäert seng Funktiounen ab dem 1. Januar 2022 ophuelen.
![(vu lénks no riets) D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie, Éierepräsidentin vum Verwaltungsrot vum Mudam ; Patrick Majerus, neie Präsident vum Verwaltungsrot vum Mudam](http://mcult.gouvernement.lu/dam-assets/actualites/mes-actualites/2021/CA-Mudam-foto.jpg/_jcr_content/renditions/thumb-xhdpi.jpg)
(vu lénks no riets) D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie, Éierepräsidentin vum Verwaltungsrot vum Mudam ; Patrick Majerus, neie Präsident vum Verwaltungsrot vum Mudam
Fir eng Dauer vu 6 Joer sinn an de Verwaltungsrot genannt:
- Monsieur le docteur Serge Allard, Representant vun der Zivilgesellschaft
- Madame Anouk Crielaard, Inspecteur adjoint vun de Finanze bei der Inspection générale des Finances
- Monsieur Luc Dhamen, Direkter vun der Administration des bâtiments publics
- Madame Danielle Igniti, Representante vun der Zivilgesellschaft
- Monsieur Jo Kox, Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère
- Monsieur Patrick Majerus, Representant vun der Zivilgesellschaft
- Madame Danièle Wagener, Representante vun der Zivilgesellschaft
Gemäss senge Statutten, huet de Verwaltungsrot an senger éischter Seance vum 4. Januar 2022 véier weider Membere genannt:
- Monsieur Philippe Dupont, Representant vun der Zivilgesellschaft
- Madame Antónia Ganeta, Representante vun der Zivilgesellschaft
- Madame Blandine Landau, Representante vun der Zivilgesellschaft
- Madame Florence Reckinger, Representante vun der Zivilgesellschaft.
Den Här Patrick Majerus gëtt Präsident vum Verwaltungsrot an d’Madame Danielle Igniti gëtt Vize-Präsidentin.
D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie gëtt Éierepräsidentin.