Discours de Lydia Mutsch pour l'accréditation Joint Commission International du Centre hospitalier de Luxembourg

©MSAN
(de g. à dr.) Dr Martine Goergen, directeur médical du CHL; Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Dr Romain Nati, directeur général du CHL; Monique Birkel, Direction des soins du CHL

"Dir Damen an dir Hären,

Mär kommen haut hei zesummen fir d’Akkréditatioun vum éischte lëtzebuerger Spidol dat de Normen vun der Joint Commission International (JCI) entsprécht, ze feieren. A fir all déi Leit ze éieren déi sech am Laf vum Akkreditéierungsprozess dru ginn hunn fir festzehalen wat bis elo geschitt ass, a mat Bléck an d’Zukunft gesinn hunn wat nach ze maachen ass.

Ech notzen heibäi d’Geleenheet fir der Direktioun souwéi alle Mataarbechter vum CHL fir hiert Beméien, villmools Merci ze soen.

Nieft de Strukture vum CHL, senger Organisatioun a sengem Personal, steet de CHL an fir seng Valeuren.

Valeuren wéi eng exzellent Aarbecht mat héijer Qualitéit ze garantéieren an dëst am Alldag wéi och an aussergewéinleche Situatiounen. Dëst setzt viraus datt een a sengen Décisiounen dëse Valeuren ëmmer nees Rechnung dréit.

Fir sech ze entwéckelen muss ee bereet sinn éierlech mat senge Feeler em ze goen an et dierf ee sech dësen och net verweigeren. Nämlech ass et esou dat een ee Spidol net einfach am klassesche Sënn géréiere kann, ma een et mat Liewen fëlle muss an em esou seng eege Perséinlechkeet mat sengen eegenen Ambitioune gëtt. An eng qualitativ Sécherheetskultur ass esou eng Ambitioun.

Ech si mär den Hürden deenen sech e Spidol um Wee fir eng Akkreditatioun stelle muss, absolut bewosst. 

An ech weess och, datt et zousätzlech schwéier ass nieft dem Challenge vun der alldeeglecher Aarbecht nach d‘Tensiounen an Contrainten déi um Wee zu esou enger Akkréditéirung mat dobäi kommen, ze bewältegen.  

Fir Är Akkreditéierung ze kréien, huet et iwwer dräi Joer Preparatioun gebraucht, et huet ee missen iwwer 1219 Collaborateure forméieren an intern Formatiounen vun am ganzen 7450 Stonne mat maachen.

Mee ech weess och em Är Erwaardungen.

An do op éischter Platz zesummen de kollektive Verännerungen an der Gesellschaft, den Erwaardungen vum Patient souwéi de néidegen Qualitéit’s a Sécherheetsstandarden aus dem Gesondheetsberäich gerecht ze ginn. 

Dëst sinn Erwaardungen deene mir och mat  eisem neie Spidolsgesetz Rechnung gedroen hunn.

Obschonn de CHL,  senge Valeuren trei bleift, sou ass hien awer alles anescht ewéi onflexibel. Am Géigendeel de CHL evoluéiert permanent a sicht a fënnt de Wee no fir. Et sinn 1113 miessbar Aspekter wéi ënner anerem :  

  • d‘Féierung,
  • d‘Kompetenze vum Personal,
  • d‘Sécherheet an d‘Qualitéit vun der prise en charge vum Patient ,
  • d‘Rechter vum Patient,
  • d‘Gestioun an d‘Kultur vun der Medikamentesécherheet,
  • d‘Recherche
  • an d’Sécherheet vun den Infrastrukturen

déi als Géigestéck fir eng Evaluatioun gedéngt hunn.

Mat engem finalen Auditsresultat mat der Mentioun „score très élevé“, huet de CHL et gepackt sech op Platz 25 vun alle Benelux-Spideeler ze positionéieren an eng JCI Akkréditatioun ze kréien. Dës bedeitend Auszeechnung verdéngt eise Respekt an eis Unerkennung.

De CHL wosst et sech de modernen Ufuerderungen vun engem Spidol unzepassen a sech konform dësen Ufuerderungen ze transforméieren. D‘Friichte vun dësem Prozess kënne mir haut hei gesinn.

Ech wëll iech wierklech all villmools merci soen fir Äert Engagement, fir Är Motivatioun an déi konstant Qualitéit vun Ärer Aarbecht am Déngscht vum lëtzebuerger Gesondheetssekteur.

Ech wëll ofschléissend awer och nach d’Geleenheet notzen fir Iech ze soen wéi vill mär dës schéi Famill, déi all Spidol ausmécht, um Häerz läit. Als Gesondheetsminister, ass ee net Spidolsminister.

Mee et dréit a begleet ee kollektive Projeten fir de Besoinen vum Patient esou no wéi méiglech entgéint ze kommen am Zeechen vun de Valeuren vun eisem Gesondheetssystem.

Dës Valeuren, déi sech besonnesch op de Patient konzentréiere, sinn: de gerechten Accès an d’Qualitéit an d’Sécherheet vun de Soinen welch fest verankert sinn an engem solidareschen Gesondheetssystem.

D’Akkréditatioun vum Centre hospitalier Lëtzebuerg setzt nei Standarden an erméiglecht nei Perspektiven fir de Spidolssekteur zu Lëtzebuerg.

An heivunner wäert de Patient als éischt profitéiere kënnen, dofir hunn mir an eisem neien Spidolsgesetz och mat gesuergt.

Ech soen iech Merci."

Aktualiséiert